Radioen

On air

Notturno  |  Vulfpeck - Dean Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gliddeg aus der Pan

Sophie Hunger - Halluzinationen

Gliddeg aus der Pan

"Halluzinationen" ass den neien, siwenten Album vun der Schwäizer Musekerin Sophie Hunger. Nodeems si virun zwee Joer op "Mollecules" mat Synthesizeren experimentéiert huet, iwwerrascht si dës Kéier mat enger rauer Live-Opnam.

auto_stories

3 min

Esou hu mir d'Sophie Hunger nach ni héieren. Déi zéng Stécker um neie Longplayer goufen an engem duerchgoenden Take an den Abbey Road Studioen opgeholl. Vläicht war et eng Zort Therapie fir d'Musekerin an hir Band, déi momentan net live kënnen optrieden, d'Resultat ass jiddefalls vun enger seelener Intensitéit an Intimitéit.

D'Pandemie dierft sécher dozou bäigedroen hunn, datt d'Kënschtlerin sech esou plakeg weist an eng Aarbecht verëffentlecht, déi nach bluddeg ass. Datt et hir net gutt goung, datt et eng Relatioun gouf, déi si fäerdeg gemaach huet, och dat gëtt een direkt am éischte Lidd "Liquid Air" gewuer.

Den Album ass duerchzu vun enger Melancholie an Trauregkeet, wéi ee se och nach ni vun der Sophie Hunger héieren huet. Um Enn gëtt et zwar keen Happy End, dofir awer Hoffnung a Luucht.

Eng musikalesch Ëmsetzung vun Halluzinatiounen

Op zéng Stécker deckt d'Musekerin déi ganz Bandbreet vun hirem kreativen Output of. Et ginn eng Rëtsch Pianos Balladen, wéi "Rote Beeten aus Arsen" oder "Maria Magdalena", déi un den Ufank vun hirer Karriär erënneren, an op "Security Check" oder "Everything is Good" weist d'Sophie Hunger, datt si Popsongs ka schreiwen. Déi stäerkst Momenter um Album sinn awer déi, wou d'Schwäizerin mat hirer Band d'Halluzinatioune musikalesch ëmsetzt.

Ee bekannte Produzent

Et weess een net, wou ee soll ufänke mat luewen. Warscheinlech beim Produzent Dan Carey, mat deem si och schonn um Virgänger-Album geschafft huet. De 50-järege Londoner steet hanner dem bal scho legendäre Speedy Wunderground Label an ass responsabel fir puer vun de wichtegste Releasen aus Groussbritannien: "Black Midi", "Fontaines D.C.", "Squid" oder "Kate Tempest" goufe vun him produzéiert.

Hien navigéiert mat sécherer Hand de live Mix, deen zu jidder Zäit rough awer kristallkloer ass. Gläichzäiteg ass hien awer och Deel vun der Band, steiert mat sengem Modularsynthesizer eng psychedelesch Dimensioun bäi a schéckt der Sängerin hir Stëmm mat Tape Echos an ausserierdesch Sphären, déi sech allerdéngs ni opdrängen, mee dem opmierksamen Nolauschterer eng helle Freet bereeden.

Och de Perkussionist Julian Sartorius dréit säin Deel dozou bäi, datt "Halluzinationen" esou eng spannend Affär ginn ass. Seng Beats sinn tight wéi eng Schwäizer Auer, a säi schaarfen Hi-Hat ass de Guide, un deem sech de Rescht vun der Band ëmmer upake kann. Souguer déi manner experimentell Stécker ginn duerch säin deels polyrhythmescht Spill extrem opgewäert.

Eng erfuere Musekerin

Obwuel "Halluzinationen" duerch seng eegewëlleg Produktiounsmethod mat Momenter brouillonshaft dohierkënnt, ass et dat zeidegst Wierk vun der Sophie Hunger. Fir Musek ze spillen, déi esou gliddeg aus der Pan kënnt, muss een Erfarung hunn, Feeler gemaach hunn a wëssen, ob wat et bei tëschemënschleche Bezéiungen, och deenen tëschent Museker, ukënnt. D'Sophie Hunger ass op engem Punkt vun hirer Karriär ukomm, wou hir populär Reprise vu "Le vent nous portera" just nach wéi den Nohall vun enger Topegkeet aus der Jugend resonéiert.