Grouss Pläng haten d'Einstürzende Neubauten fir hiren véierzegten Bandgebuertsdag an hiren neien Album "Alles in Allem": eng speziell Bustour duerch Berlin, no zéng Joer nees Concerten an Nordamerika an och eng extensiv Europatournée mat ënner anerem engem Stopp am Atelier zu Lëtzebuerg. Dat alles muss elo awer wéinst dem Coronavirus waarden.
Mee a Gedold sinn d'Fans vun den Neubauten geüübt. Zwielef Joer laang hu si sech missen op deen néngte Studioalbum gedëllegen, deen de leschten Freideg erauskoum.
Op "Alles in Allem" presentéieren de Frontmann Blixa Bargeld a seng véier Bandmemberen en akustesche Spadséiergang duerch den Neubauten-Historique an duerch d'Stad Berlin, déi si als Heemecht gepräägt huet. Trotz Songtitele wéi "Am Landwehrkanal", "Wedding" oder "Grazer Damm" wëllt de Blixa Bargeld den neien Album awer net als reng Berlin-Hommage verstane wëssen. D'Stad ass héchstens de Kontext, seelen awer de Sujet vum Bargeld senge melancholeschen Dada-Erzielungen, déi den Album duerchzéien an e mat Zäite schwéier wéi Bläi maachen.
Et ass kee Bilan
Och wann den Titel et undeit ass de Jubiläumsalbum "Alles in Allem" kee musikalesche Bilan vum Neubauten-Oeuvre. Dëse wier bei der laanger an transformativer Bandgeschicht och schwéier ze zéien.
Den Debutalbum "Kollaps" war 1981 d'rau Vertounung vum Ausnamezoustand an der Rebellioun, déi West-Berlin deemools charakteriséiert hunn. De fréien Neubauten Sound war eng orchestréiert Kakophonie, déi bestanen huet aus dem metalleschen Kaméidi vun de selwergebaute Schrott-Instrumenter an dem Blixa Bargeld sengem dissonanten Berserker-Gejäiz.
An den 90er-Joren hu si sech awer ëmmer méi vun hirer roueger, melancholescher Säit presentéiert, déi och den neien Album dominéiert. De Chaos steet net méi am Virdergrond mee verstoppt sech am Aarbechtsprozess.
Ee perfekt Alterswierk
Och fir "Alles in Allem" hunn d'Neubauten nees op hiren Inspiratiounssystem "Dave" zeréckgegraff. Aus iwwer 600 Kaarte mat Instruktiounen a Stéchwierder wielen d'Bandmembere willkürlech aus a setzen dës da musikalesch ëm. En Effort fir d'Logik ze sabotéieren, wéi de Bargeld erkläert. Konventionell wëllen d'Neubauten och no véierzeg Joer net ginn.
Textlech dominéiert um Album d'Banneliewen vum Blixa Bargeld, den eegenen Doud fënnt genee sou seng Plaz wéi de melancholesche Bléck op d'Vergaangenheet. Am Schlësselstéck "Taschen" steet awer d'Schicksal vun de Refugiéen am Mëttelpunkt.
Dem Bargeld seng déif Baritonstëmm leet sech hei iwwer verdreemte Sträichinstrumenter an d'metronomesch Perkussioun, fir déi déi karéiert Plastikstäschen benotzt goufen, déi dacks mat Refugiéen associéiert ginn. Et sinn esou Stécker, déi "Alles in Allem" zu engem perfekten Alterswierk vun enger Band maachen, déi ni Angscht hat erwuessen ze ginn an awer d'jugendlech Rebellioun ëmmer nach a sech dréit.