"Esprit de corps" gouf Produktiouns-méisseg net mat Zockergoss bezunn. D'Circonstancë vum Home-Studio hätten de réien an éierleche Sound diktéiert. "Mir haten nach ni just zu zwee zesummegeschafft", seet d'Thorunn Egilsdottir. Ganz am Ufank wier d'Band zu fënnef/sechs gewiescht, dunn zu véier, dunn zu dräi, bis um Enn nëmmen en Duo iwwreg bliwwen ass.
Um neien Album si si fir d'éischte Kéier Tountechniker, Batteur a Multi-Instrumentalist. "Mir hu misse Léisunge fannen", seet d'Sängerin. Dat wier eigentlech dem Mike Koster ze verdanken, dee vun Ufank un un d'Erausfuerderung gegleeft hätt.
80 Prozent vun den Iddie wieren direkt an den éischte Stonnen erausgeflunn. E Plang gouf et net. Iwwer zwee Joer hätt dat neit Wierk seng eege Faarf ugeholl. Den Duo huet mat synthetesche Bléiser, Uergel a Samples gekniwwelt a sech mat ville Stëmm-Schichten an Effekter ameséiert. Déi besonnesch Ambiance beim Kreatiounsprozess wier mat Sushi a roudem Wäin ënnerstëtzt ginn. "Entweder kucke mir den Owend Netflix oder mir maache Musek, ma da maache mir Musek", esou d'Thorunn Egilsdottir.
Lauschtert de ganzen Interview: