Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méi wëll, verstéiert an hëtzeg wéi jee"

Eurosonic 2021

"Méi wëll, verstéiert an hëtzeg wéi jee"

Faux Real - dat sinn di franséisch-amerikanesch Gebridder Arndt, déi mat vill Ironie, Dadaismus a Glam zesummen optrieden. Um Eurosonic hu se mat hirer eegener Mise-en-scène schmunzelen an danze gedo.

auto_stories

2 min


Lauschtert de ganzen Interview.play_arrow


Mat wéinegem materiellen Opwand si Faux Real un hir Online-Performance fir de Eurosonic erugaangen. "Dat exzentrescht a glamouréist hu mir fir dëse Concert op dat Essentiellt reduzéiert, fir dass mir eis eege Perséinlechkeet duerch Gesang an Danz konnte glënneren doen", seet de Virgil Arndt.

Eng spartanesch Mise-En-Scène hätt awer keen Impakt op wéi wëll se kënnen op der Bün sinn, huet säi Brudder den Elliott bäigefüügt. Hire virtuelle Concert kann ee sech dann och all Moment op esns.nl ukucke goen. Langweileg oder banal war hire kreativen Ausdrock op alle Fall net.

Faux Realismus wier eng obsessiv Recherche, eng komplex Doctrine mat Elementer vu Surrealismus, Dadaismus, Nihilismus, anticke Philosophien, seet de Virgil ouni seng Minn ze verzéien.

De Bridder hiren ironesche mierwe Projet wär virun e puer Joer entstanen, wou si decidéiert hätte "Method-Museker" ze ginn. Grad ewéi Method-Schauspiller déi hir Roll iwwer de Film-Set eraus verkierperen, gi Faux Real holistesch un hir Konscht-Eskapad erun.

Leschte Mee koum hir Debut-EP "Faux Real" eraus, mat fënnef hëtzege Pop-Kompositiounen an am Oktober di onheemlech ustiechend Single "Spooky Bois". Den Ament wiere se am Gaang un neiem Material ze schaffen. "Méi wëll, verstéiert an hëtzeg wéi jee", esou den Elliott Arndt. Dat faux-realisteschst, wat se bis ewell gemaach hunn, versprécht de Virgil Arndt.