Radioen

On air

9 bis 1  |  Mathieu Boogaerts - Ma jeunesse

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Buck Meek bitt méi wéi Léift

Album vun der Woch

De Buck Meek bitt méi wéi Léift

De Buck Meek ass virun allem duerch säi Matwierke bei der Band Big Thief bekannt. Eng sëlleg Albumen huet hie scho mat hinnen erausbruecht, an alleguerte goufe si héich vun de Kritiker gelueft. Donieft ass "Haunted Mountain" mëttlerweil seng drëtt Soloplack. De Joé Birchen huet fir eis eragelauschtert a stellt eis den Album vir.

auto_stories

4 min

Wann ee Big Thief kennt, an dem Buck Meek seng Solo-Aarbecht lauschtert, mierkt een, datt béid zum Deel aus der gläicher Fieder kommen. Dat zum Beispill duerch dem Meek seng Lead-, déi - obwuel se heiansdo am Hannergrond steet - mat hiren onverkennbare Riffs déi richteg Plazen an de Lidder fëllt. Et si melodesch Fatzen, déi sech hei ofsetzen: Harmonesch an onkomplizéiert Gittarsnouten, ouni ze vill Verzerrung.

D'Bierger als Inspiratioun

Iwwer de ganzen Album "Haunted Mountain" gëtt awer manner mat verschiddene Genren experimentéiert, wéi een dat elo bei senger Band Big Thief gewinnt ass. Obwuel de Buck Meek dem Country-Folk-Rock an där Hisiicht éischter trei bleift, ass säin drëtten Album awer méi elektresch, méi villsäiteg, wéi seng aner zwou Placken. Dofir suergt zum Beispill den Opening Track "Mood Ring", wou sech eckeg a verwäsche Gittareffekter mat liichte Synthesizer Sounds vermëschen.

Dobäi hunn d'Bierger de Buck Meek wärend dem ganze Prozess vum Album begleet: Et geet domat un, datt den Album um Fouss vun de Franklin Mountains an engem Studio an Texas opgeholl gouf, an och all d'Lidder an de Bierger entstane sinn. Dat ënnert anerem an den héchste Géigende vu Portugal, op enger griichescher Vulkaninsel, an engem verloossenen Dall an der Schwäiz, a souguer an den Hiwwele vu sengem Doheem zu Los Angeles.

De Buck Meek schreift - fir hien ze zitéieren - datt "Haunted Mountain" iwwer Léift, mee och eppes aneres geet. An dat Anert ass méi grouss wéi Léift, ouni déi awer eraus ze fuerderen. Hie schwätzt vum Striewen an der Erfëllung vun der Séil, also enger gewësser Spiritualitéit, an d'Landschafte schéngen hien dobäi inspiréiert ze hunn.

Lidder fir d'Landschaft ze genéissen

Intressant ass, datt den Album sech esou unhéiert, wéi wann een an d'Bierger selwer kucke géif: De Songwriting fundéiert an engem fielsefeste Folk-Country-Rock, dee gläichzäiteg duerch lëfteg Spëtzte vu Gittartéin an Text gekréint gëtt.

Am Lidd "Cyclades" zum Beispill séngt de Buck Meek vu verréckten Accidenter, déi seng Elteren erlieft an iwwerlieft un.

"There's too many stories to remember / Too many stories to tell / Too many stories."

De Refrain reduzéiert sech hei op "Ze vill Geschichten", déi et ze erziele ginn. An effektiv kreéiert dat een Androck vun enger Gefillslandschaft, an där ee sech gäre mol verléiere kéint. An trotzdeem: d'Lidder ginn engem net onbedéngt ee Gefill vum verluer sinn, mee éischter vun engem schéinen Duercherneen, an deem een op der richteger Plaz steet, sech wuelfillt, an d'Aussiicht genéisst.

Eng gutt Soundqualitéit als Bonus

An dëse Widdersproch suergt och net fir vill Chaos. Den Album ass zwar voller perséinleche Reflektiounen, mee déi kréie sech awer ëmmer nees orientéiert. Duerch eng direkt Éierlechkeet kritt alles säi Kapp a Schwanz, a well och vun all Energielevel eppes dobäi ass, ass den Album schlussendlech gutt ausbalancéiert.

D'Koherenz kënnt ënnert anerem doduerch, dat all Lidd zesummen an engem Raum opgeholl gouf, ouni dat ee vun de Museker Kopfhörer benotzt huet. Esou ass d'Musek dann nach méi einfach, ouni Barrièren, zesummegefloss.

Besonnesch ass, datt den Album op engem Zwee-Zoll Tounband opgeholl gouf: dat ass dat gréissten Tape-Format wat et gëtt, a bréngt dowéinst och eng gutt Soundqualitéit mat sech. De Raum selwer war strikt fir d'Musek eleng reservéiert. D'Handye bloufen dobaussen, an et gouf och net iwwer d'Musek geschwat. Sou ass de breeden Tape déi eenzeg Aart a Weis, wei d'Lidder dës Plaz verlooss hunn.