Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maurice Ravel - E Genie aus dem Impressionismus

E Komponist am Profil

Maurice Ravel - E Genie aus dem Impressionismus

Ee vun deene weltbeschten Orchestrateuren, en international renomméierte Komponist, e Patriot am Éischte Weltkrich an e lidderege Student. Léiert de Maurice Ravel kennen. De Komponist vum Mount Dezember.

auto_stories

4 min

De Maurice Ravel gëtt am Duerf Ciboure, am Süd-Weste vu Frankräich, als Jong vun engem Ingenieur gebuer. Eigentlech wëllt hie Pianist ginn, an d'Viraussetzunge sinn och do. Musikalesch ass hien ee vun de beschte Studenten aus sengem Joergang, mä technesch kann hie senge Kollegen d'Waasser net reechen. Hien prouft einfach net genuch. An deene wichtegen Exame fält de jonke Museker duerch.

De Maurice Ravel 1914 zu Ciboure

Och als Komponist kritt hie spéider ni d'Unerkennung, no där all franséische Museker strieft: De Kompositiounspräis Grand Prix de Rome. Fënnef Versich start hien, awer et geklappt ni. Déi leschte Kéier probéiert hien et 1905, eng Zäit, an där hie sech schonn als Komponist en Numm gemaach huet. Hie flitt allerdéngs schonn an der Virronn eraus, well hie sech net un d'Kompositiounsreegelen hält.

D'selwecht geet et him bei engem Fugeconcours, bei deem hien null Punkte kritt. Als Konsequenz flitt hien aus der Kompositiounsklass vum Gabriel Fauré.

E Patriot, deen ze wéineg op d'Wo bréngt

1914 mellt de Maurice Ravel sech fräiwëlleg an d'Arméi. Hie gëtt ausgemustert, well hie mat sengen 161 cm zwee Kilo ze liicht ass. Bei engem weideren Ulaf geléngt et him awer an d'Arméi ze kommen. Allerdéngs net als Zaldot, mä als Camionschauffer un der Front. Dat geet him awer net duer. Ëmmer nees stellt hien d'Demande, fir Pilot kënnen ze ginn. Eng Äntwert kritt hien awer ni.

No zwee Joer Krich verléiert de Ravel seng Ambitiounen an der Arméi. Nodeems hie wochelaang mat Duerchfall geplot ass, wëllt hie just nach an d'Vakanz.

Perfektionist an Erneierer

A senger Musek stécht ee stännegt Striewen no Perfektioun. D'Sich nom passenden a kloren Ausdrock. Beim Maurice Ravel gëtt et keng stilistesch Entwécklung vu senge jonke Jore bis an de räifen Alter. Mat sengen éischte Wierker - "Habanera", "Pavane pour une infante défunte" a "Jeux d'eaux", presentéiert hie sech direkt als Meeschter. E Meeschter vu Klangfaarwen a vu musikalescher Architektur. Klanglech fënnt ee Referenzen op déi spuenesch Musek: Dem Ravel seng Mamm koum aus dem Baskeland.

Mä och seng Kontakter zu Komponiste wéi dem Manuel de Falla an dem Isaac Albéniz, reegen de franséische Museker zu spuenesche Klangfaarwen un.

De Ravel ass dernieft och vun orientalesche Kläng faszinéiert, wéi seng "Shéhérazade" beweist. Awer och Aflëss vum Wiener Stil a vum Jazz kann een an diverse Kompositiounen, wéi dem Pianosconcerto a Sol Majeur eraushéieren. Fir all Stéck a fir all Stëmmung sicht hien no der passender Léisung. An hie fënnt se och. Säi Bolero ass en immenst Beispill vu musikalescher Architektur a Kloerheet. Déi stänneg Widderhuelung vu Melodie a Rhythmus kritt hei scho bal eng hypnotesch Wierkung.

E genialen Orchestrateur

Kaum en Anere konnt Wierker sou gutt fir Orchester ëmschreiwen, wéi de Maurice Ravel. Nach haut ass seng Orchesterversioun vun de "Bilder einer Ausstellung", enger Kompositioun fir Piano vum Modest Moussorgsky, einfach e Must. Eréischt an dëser Beaarbechtung gouf d'Wierk esou bekannt, wéi et haut ass.

En houfrege Mënsch

De Ravel war ganz op säin Ausgesi fixéiert. Hien hat ëmmer lacke Schong a faarweg Kostümer un. Scho moies um Kaffisdësch soll hien ëmmer perfekt geschminkt a parfüméiert gewiescht sinn. Op Alkohol huet hie komplett verzicht. Dofir awer net op Zigaretten a schwaarz Zigaren.

Op där enger Säit heescht et, de Ravel wier en Dandy gewiescht, dee sech a mondäne Kreesser ganz wuel gefillt huet. Op där anerer Säit war hien e ganz zouene Mënsch, deen a senger Villa Belvedère zu Montfort - l'Amaury, 30 Kilometer ausserhalb vu Paräis, zréckgezu gelieft huet. Privat ass vum Ravel keng fest Relatioun bekannt. Verschidde Musekshistoriker gesinn doranner en Hiweis op eng verstoppten Homosexualitéit.

Wierker vum Ravel, déi ee sollt kennen

Um Radio

A véier Emissiounen zum Komponist vum Mount proposéiert de Manuel Ribeiro all kéiers een Aspekt vum Maurice Ravel sengem musikalesche Schafen:

06.12.2017: Meeschterhaften Orchestrateur: Tableaux d'une exposition
13.12.2017: Déi spuenesch Wuerzelen: Rhapsodie espagnole
20.12.2017: D'Kand am Komponist: L'enfant et le sortilèges
27.12.2017: Fangerübung a Klassikhit: de Bolero