Radioen

On air

De Moien  |  Arcade Fire - Everything Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maurice Clement: Vun der Uergel bis zum Jazz

Musikalesch Visittëkaart

Maurice Clement: Vun der Uergel bis zum Jazz

Dem "Organist titulaire" an der Philharmonie Maurice Clement säi musikalesche Goût geet wäit iwwer seng Léift fir d'Uergelmusek eraus. Hien ass och begeeschtert vun traditioneller Musek aus aner Kulturen, vu Klassik mee virun allem vun Jazz.

auto_stories

2 min

No senge Studien am Stater Conservatoire war de Maurice Clement zu Bréissel um Conservatoire Supérieur. Duerno geet de Museker sech bei de Jean Boyer am Conservatoire National Supérieur vu Lyon perfektionéieren. D'Renconter mat sengem Professer Jean Boyer wäert de Parcours vum Maurice Clement staark markéieren. Am Laf vu senge Studie gëtt den Organist Laureat vum prestigiéisen internationale Gottfried Silbermann Concours.

Haut ass de Maurice Clement "Organiste titulaire" an der Philharmonie a Professer am Conservatoire du Nord, wou hien d'Klasse fir Improvisatioun leed. Iwwer d'Grenz eraus huet hie sech als Solist op grousse Festivale bemierkbar gemaach wéi: Dorënner New York, Washington, Paräis, Bréissel, Zürech, Prag, Mailand, Kopenhagen a Wien.

De Maurice Clement ass och musikalesche Partner vu ville Solisten, wéi d'Trompettistin Tine Thing Helseth oder de Perkussionist Martin Grubinger.

Dës Stécker huet hie fir seng Musikalesch Visittëkaart mat an de Studio bruecht:

  • Jordi Savall - À Damas
  • Prison Songs: Black Woman
  • Billie Holiday: Strange Fruit
  • Keith Jarret: Personal Mountains
  • Miles Davis: Tutu - Live
  • Shingetsu: La lune du coeur
  • J.S. Bach: Kontrapunkt aus "Kunst der Fuge" mam Organiste Jean Boyer
  • Franz Schubert: Quintet D 956 - Adagio mam Alban Berg 4tet & Heinrich Schiff, Cello