Radioen

On air

Notturno  |  Shabason, Krgovich & Harris - I Don't See The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marketing a Promotion

Musek am Gespréich

Marketing a Promotion

Obwuel d'Theemen Marketing a Promotion quasi all professionell MusekerInne betreffen, gëtt seelen iwwert se geschwat. Trotzdeem si se eng vun deene wichtegste Viraussetzungen, datt iwwerhaapt iwwer d'MusekerInne geschwat gëtt. An der Emissioun Musek am Gespréich geet et dësen Themen op de Fong. Invitéeë sinn d'Managerin Andrea Hampl vun der Konzertdirektion Hampl, d'Managerin Leontien van der Vliet vun Interartists Amsterdam, d'Orchesterdirektorin vun den Düsseldorfer Symphoniker Barbara Fasching, an den Head of Music vu Kultur | LX Giovanni Trono.

auto_stories

3 min

Wann een d'Beräicher Marketing a Promotion vu jonke MusekerInnen oder Ensembelen iwwerhëlt, géif et drëms goen eng Karriär opzebauen, seet d'Andrea Hampl. Dat wichtegst wier et, de MusekerInnen ze erklären, wat de Marché alles erfuerdert. CDen, Fotoen, Interviews, Programmpropositiounen a Biographie sinn Elementer, déi ee fir de Start vun enger Karriär brauch.

"Déi potentiell Concertsorganisateure wëlle wëssen: Wat sinn dat fir jonk Mënschen? Wat ass hinne wichteg? Wéi ticke si? An do ass een op déi ganz Bandbreet vun de mediale Méiglechkeeten ugewisen."

Grouss Bedeitung vum "Live"

"Et geet näischt iwwer d'Live-Erliefnis", seet d'Andrea Hampl. D'Barbara Fasching géif als Direktesch vun engem Orchester béid Säite matkréien. Op där enger Säit suergt sie fir bei den Düsseldorfer Symphonikern fir de Marketing an d'Promotion, op där anerer Säit géif si awer och reegelméisseg vun Agenturen, déi MusekerInne vertrieden, ugeschriwwe ginn. Si bestätegt d'Aussoe vun der Andrea Hampel. All déi Elementer wéi Biographien an Opname wiere wichteg, fir sech en iwwer en Kënschtler z'informéieren, deen een nach guer net kennt. Dat alles géif d'Live-Erliefnes awer net ersetzen:

"Dobäi kann ee sech wierklech eng Meenung bilden. Ech ka mir dausend Youtube-Videoen ukucken, a ka mir dann och eng Meenung bilden, mee et ass ëmmer nach anescht, wann ech dann am Live-Concert sëtzen, an dat eng Kéier erliewen dierf."

Perséinlech kenneléieren ass wichteg

Wann een nom Concert kuerz kéint mat de KënschtlerInne schwätzen, kéint ee sech e Bild vun hinne maachen. Ënner anerem dorëms ass et beim Luxemboug Classical Meeting, de 16. an de 17. September 2021 vu Kultur | LX gaangen, wéi den Giovanni Trono erkläert. Och hie betount d'Bedeitung vum Live.

"Et gëtt näischt Besseres, wéi e Museker op der Bün ze gesinn, virun engem Publikum mat deem et zu engem Austausch kënnt."

Verantwortung a Vertrauen

Als ManagerIn huet ee vis é vis vu senge KënschtlerInnen eng grouss Verantwortung. "Dat spieren ech ëmmer", seet d'Leontien van der Vliet. Op där enger Säit bräicht een d'Vertraue vun de MusekerInnen, op där anerer Säit géifen d'KënschtlerInnen och Preuve fir d'Aarbecht vun de ManagerInne froen. Et ginn der nämlech och, déi hir Aarbecht net seriö maachen. Dat ka fir d'MusekerInnen e grousse finanzielle Verloscht bedeiten. D'Andrea Hampl war well am Fall, datt si Karriäre vun esou MusekerInnen huet misse retten. Si réit dofir alle KënschtlerInnen sech bei bekannte Concertsorganisateuren iwwer ManagerInnen z'ëmfroen a sécher ze stellen, datt si an engem Verband vun Agenture mat engem "Ehrenkodex" sinn.

"Dat schützt net zu 100%, mä dat gëtt e gewëssen Unhaltspunkt, wéi engem Kolleeg ee vertraue kann, a wéi engem net. An et ginn der e puer, mat deene sollt ee wierklech net schaffen. Op kee Fall."