Musek Mambo Schinki live um Koll an Aktioun on AIR 2020

De Mambo Schinki ass ëmmer méi dacks op offizielle Festivitéiten a soss Festivallen invitéiert fir de Public mat senger "Space Uergel" a säin Trëndel ze zéien. De Koll an Aktioun on AIR 2020 war eng optimal Plattform fir dem virtuelle Festivalvisiteur bannent 20 Minutten d'Essenz vu senger Musek unhand vun engem humoristesch konnotéierte Medley ze zerwéieren.

mambo schinki.jpg

De Mann mat aussergewéinlechem Instrument an aussergewéinlecher Coiffure ass ewéi vun enger friemer Muecht ergraff wann et drëms geet de Nolauschterer un d'Wibbelen ze bréngen. E Konzept mat Kapp a Schwanz an deem e Repertoire vun iwwer 300 Titele stécht.

Méi zum Thema

AEM
Musek

Et war der Emma hiren éischte Concert ouni Public, an et war ongewinnt, ouni Reaktiounen. Mam zentrale Song am Set gedenkt d'Muskerin un déi rezent Ausernanersetzungen an de Vereenegte Staaten.

NAS
Nas - Illmatic

Dem Nas säin Debut "Illmatic" feiert dëse Mount 25 Joer. Dëse gëtt dacks als dee beschten Hip-Hop Album aus den 90er zitéiert. "Illmatic" ass eisen Déjà-Vu Album vun der Woch, presentéiert vum Jamie Reinert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen