Hip Hop Maka MC: Boom bap mat politeschem Message

De Maka MC gesäit sech als musikaleschen Aktivist. Op sengem Debut-Album "Dialog" schreift de Lëtzebuerger Rapper sech 17 Lidder vun der Séil. Hien hannerfreet, klot un a léisst et knuppen.

Yves Stephany

Maka MC + BC ONE.JPG
De Maka MC an de BC One an der Emissioun Backstage

Dräi Joer no sengem Debut-EP presentéiert de Maka MC säin éischten Album. De Rapper huet sech déi 17 Stécker op Dialog vun der Séil geschriwwen. Seng Meenung mat engem coole Beat soen an d'Leit zum Nodenke bréngen - dat ass seng Vocatioun. Hie gesäit sech als eng Stëmm fir déi Leit, déi sech net kënnen oder wëlle fräi äusseren.

Fir d'Beats ware ganz ënnerschiddlech Beatmaker responsabel, dorënner och de Corbi. "Meng Musek soll Villfalt representéieren," seet de Maka MC. De roude Fuedem ass, datt d'Beats op Sampele vu Soul-, Funk- oder Jazz-Placke baséieren. "Déi Samples vun ale Placken huele mech mat, an do kann ech mech wierklech emotional drop austoben. Et sinn also éischter Boom bap Oldschool-Beats. Dat knuppt ëmmer gutt." All d'Stécker si Kollaboratiounen a sinn am Dialog zwëschent dem Maka MC an dem jeeweilege Produzent.

De Maka MC steet kenger politescher Partei no, hie gesäit sech awer als Aktivist. "Ech huelen d'Musek fir verschidden Themen opzegräifen, ze beschreiwen an ze hannerfroen." De Rapper beschäftegt sech op Dialog ënner anerem mat der Flüchtlingsfro, mat Friemenhaass an der politescher Verdrossenheet vun der Gesellschaft.

Zesumme mat sengem Rapper-Kolleg BC One war de Maka MC den 20. Abrëll Invité an der Emissioun Backstage.

An der Mediathéik:

Backstage / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

20160219_183714_resized.jpg
Elektronesch Musek

Sun Glitters ass dee bekanntesten Artist, deen zu Lëtzebuerg elektronesch Musek produzéiert. Bei den E-Lodie Sessions huet hien nei Stécker virgestallt. Dorënner "Everyday is a new day". De Video ass lo online.

FRESHDAX
Lëtzebuergesche Rap

Rap op Lëtzebuergesch ass am Opschwong. Dat mierken och "Freshdax" op hire Concerten. Deen neien Album "Alles beim Alen, Alen" beschäftegt sech mat aktuellen, gesellschaftlechen Aspekter.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen