Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dizzy - Open Up Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mahler-Lieder an enger Uergel-Adaptatioun

Klassik-CD

Mahler-Lieder an enger Uergel-Adaptatioun

Dem Gustav Mahler seng Musek fir d'Uergel ze adaptéieren - dës Aufgab huet sech den David Briggs gestallt. Deen engleschen Organist huet de Mahler-Virus zanter senger Jugend als Braatschist. Säin aktuellste Projet sinn dem Mahler seng Lieder, déi en zesumme mam Bariton David Pike enregistréiert huet. Mir ware bei enger Opnam-Sessioun dobäi.

auto_stories

2 min

Wärend enger Nuetsschicht hunn den David Briggs an den David Pike d'Mahler-Lied "Ich bin der Welt abhanden gekommen" opgeholl. Eng Nuetsschicht an enger ganz spezieller Atmosphär, wou engem och emol kënnen d'Schudderen de Réck eroflafen.

Et war Summer, wéi d'Opname vun dëse Mahler-Lieder gemaach goufen. Och bei deenen dompegen Temperaturen huet ee sech misse waarm sangen, awer och nees net ze vill Stëmm ginn, well et gouf ee laangen Owend, bis d'Saach an der Këscht war. Bis zwou Auer an der Nuecht hu béid Museker geschafft.

Mächteg vill Klang

Den David Briggs an den David Pike hate sech an d'Konstantin-Basilika op Tréier zeréckgezunn, fir hire Mahler-Programm opzehuelen. An der Konstantin-Basilika ze enregistréieren ass een echten Challenge. Dee risege Bau aus spéitréimescher Zäit huet ee laangen Nohall, an déi nei Eule-Uergel mat iwwer 6.000 Päifen suergt fir mächteg vill Klang.

D'Erausfuerderung fir den Organist David Briggs an deem ganze Projet war virun allem déi, datt de Gustav Mahler nëmme wéineg Bezéiungen zum Instrument hat.

"De Mahler huet am Fong net wierklech fir d'Uergel geschriwwen. En huet Uergelpassagë fir seng zwou Symphonië geschriwwen - de Schluss vun der Auferstehungssymphonie - an de ganz bekannte Riesenakkord am Ufank vun der 8. Symphonie. Hie war keen Organist, hie war een exzellente Pianist."

Eng Musek, déi den David Briggs zanter 20 Joer net lassléisst

Deen eenzege Grond, wisou den David Broggs dem Gustav Mahler seng Musek géif adaptéieren, wier, datt hie se einfach gär hätt.

"Ech hunn dem Mahler seng Musek als Braatschist am nationale Jugendorchester kennegeléiert, wéi mei déi 5. Symphonie gemaach hunn. Ech ka mech nach gutt un dat Gefill erënneren - ech war esou ewech vun där Musek, datt ech nuets net schlofe kann. An dat mécht de Mahler och nach haut mat mir: wann s du déi Musek bis eng Kéier am Blutt hues, gëss de se net méi lass."

Zanter iwwer 20 Joer beschäftegt sech den David Briggs elo schonn intensiv mam Gustav Mahler senger Musek. Säin Zil ass et, all d'Symphonie fir Uergel ze adaptéieren.

CD mat Ënnerstëtzung vum radio 100,7

Den Interview am Kader vun der Opnam gouf gemaach, iwwerdeems den Uergelstëmmer uewen um Juck vun der Konstantin-Basilika nach mat senger Aarbecht amgaange war. Duerno hunn den David Pike an den David Briggs am Proufraum vum Basilikachouer nach e bësse misse waarden, bis sech den Trafic ronderëm d'Kierch geluecht huet, an och d'Skateboarder um Parvis Feierowend gemaach hunn. Dunn ass et richteg un d'Aarbecht gaangen. Elo ass den CD erauskomm, en Disk, dee mat der Ënnerstëtzung vum radio 100,7 publizéiert gouf.