Radioen

On air

Notturno  |  Triana Y Luca - Recuerdos De Tanger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luke Temple - Both-And: Meditativ awer catchy Konstrukter

Album vun der Woch

Luke Temple - Both-And: Meditativ awer catchy Konstrukter

Seng Indie Pop Hooks kennt ee vun senger Band Here We Go Magic. Déi experimentell Säit léisst hien ënner dem Numm "Art Feynman" eraus. Säi richtegen Numm ass Luke Temple. An ënner där Bezeechnung liwwert hien éierlech an delikat Klangkonstrukter, déi zäitlos modeléiert goufen.

auto_stories

2 min

Seng sechste Scheif ass sécherlech eng vu senge schéinsten. Den Amerikaner ass bekannt fir säi verspillte Sound. E Kolleeg vun der Experimentatioun, deen net fäert seng Hänn knaschteg ze kréien. Bis ewell ass och näischt Schlechtes dobäi erauskomm. "Both-And" ass iwwerdriwwen ënnerdriwwen. Duuss, waarm an hypnotesch.

De Luke Temple ass an de sonnegen a grénge Landschafte vu West Marin County a Kalifornien doheem. An dës ländlech a magesch Ëmgéigend spigelt sech am Klang erëm. Um Titel "Given Our Good Life" schlängelt sech e Marimba Motiv duerch d'Lidd, eng Uergel fiddert déi verdreemten Ambiance. "Don't Call Me Windy" gëtt vun engem minimalistesche Bongo Rhythmus gedriwwen, iwwerdeems en elektronesche Cembalo, souwéi Zither Sounden d'Harmonie bestëmmen.

Éierlech an delikat Klangkonstrukter

Seng Indie Pop Hooks kennt ee vun senger Band Here We Go Magic. Déi experimentell Säit léisst hien ënner dem Numm Art Feynman eraus. Säi richtege Numm ass Luke Temple. An ënner där Bezeechnung liwwert en éierlech an delikat Klangkonstrukter, déi zäitlos modeléiert goufen.

Dem Luke Temple seng Stëmm ass bescheiden a lëfteg. Et muss ee konzentréiert nolauschtere fir all d'Detailer erauszehéieren. Organesch ass d'Stéchwuert beim Luke Temple. Akustesch an elektronesch Elementer schaffen zesummen. Et kritt een op "Both And" net nëmmen Textur gebueden, mee och catchy Melodien, déi a senge meditative Krautrock Landschaften hir Plaz fannen.

Keng Nout ze vill

De Mann kennt seng Konscht. Seng Talenter als Produzent am Studio héiert een op der Adrianne Lenker vu Big Thief hirer leschter Scheif "Abysskiss". Oder och um Debut vun der Indie-Soul Band Meernaa.

Eegenen Aussoen no soll een den Album doheem opleeën an net ze vill konzentréiert lauschteren. Et ass Musek, déi déi alldeeglech Routine peffert. Elementer dauchen op, verschwannen nees. Et gi poetesch Momenter, awer och e bësse méi eckeg Stëmmungen. "Both-And" ass e Ganzt, wou alles seng Plaz fënnt, a wou definitiv keng Nout ze vill ass.