Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ London rifft, d'Welt lauschtert

Déjà Vu: The Clash - London Calling

London rifft, d'Welt lauschtert

An den USA an och bei eis kennt een The Clash haaptsächlech vun der drëtter Studioplack "London Calling" un. An England awer waren d'Karriärufäng vun The Clash onzertrennlech mat der Punkbeweegung verbonnen. An déi war net nëmme musikalesch nei, mee hat och eng politesch Dimensioun.

auto_stories

5 min

Fir als Erënnerung just kuerz den Esprit vum Punk ze ëmräissen, kënnt een op dëser Plaz den Tommy Ramone zitéieren.

"An hirer ufänglecher Form war vill Musek aus de 60er nei an opreegend. Leider hunn dono vill ze vill Leit, déi dem Jimi Hendrix d'Waasser wierklech net reeche konnten, gemengt, si missten op hirer Gittar nuddelen, an op eemol hate mer iwwerall laang Gittarsoloen, déi néirens higinn."

Leit wéi den Tommy Ramone haten e Problem domat, datt Simon and Garfunkel op eemol sollt Rock'n Roll sinn. Si wollten dat Wëllt a Rebellescht am Rock net begruewen.

"Do It Yourself" ass dann ee weidere wichtegen Deel vum Punk-Ethos. Et ass Musek, déi aus der Panz soll kommen, ouni Pianos- oder Guitarscoursen, ouni deier Studioen a mat minimaler Geschäftsstruktur, deemno bei klengen Independent Labels wollt erauskommen. Dëst ass dunn natierlech bei wuessendem Succès, an dee gëtt et vun 1977 u weltwäit, zu engem drolege Paradox erugewuess, deen der populärer Kultur haut nach eegen ass.

Den Erfolleg vum Punk huet d'Zeen deemools gespléckt. Déi déi fonnt hunn, de Message sollt an d'Welt erausgedroe ginn, an déi déi soten, de Punk wier verroden, esoubal e sech op d'Maschinerië vun der Museksindustrie géif aloossen. Dat hunn The Clash kuerz virun der Sortie vu London Calling awer gemaach: andeems si en Deal mat CBS ënnerschriwwen hunn iwwer 100.000 Pond, wat deemools vill Geld war.

Wann de Museksjournalist Mark Perry vum Punk-Magazinn Sniffing Glue deemools sot: "Punk died the day The Clash signed to CBS", da waren domat sécherlech vill Punks averstanen.

Ob sech déi Fro nach stellt, wann eng musikalesch Beweegung schonn hir eegen, spezialiséiert Magasinner huet, steet op engem anere Blat.

Politesch gesinn kann een de Punk net lénks oder riets anuerdnen. Et goufe Bands vun deenen zwee Borden. Wat si awer all zesummebruecht huet, war d'Enttäuschung mat der Politik am Allgemengen. Besonnesch d'Joer 1977 war keen einfacht am Vereenegte Kinnekräich a gëtt haut nach als Year Zero bezeechent. D'Aarbechtslosegkeet war héich, d'Leit sinn op d'Strooss gaangen.

Wärend d'Sex Pistols "God Save The Queen" erausbruecht hunn, an dem "No Future"- Ethos trei bliwwe sinn, hunn The Clash op London Calling méi philosophesch op den Zäitgeescht reagéiert. Als Working Class Manifest ass et subtil an drop beduecht drun ze erënneren, datt de schaffende Mann och ee Gehier huet.

Autodidaktesch Vollbluttmuseker

The Clash wollte virun allem Musek maachen. Wéi si dës Geleeënheet kruten, hu si se net laanscht zéie gelooss. Dem Joe Strummer, Frontmann vun The Clash seng Iddi vum Punk war dofir och déi hei:

"Punk rock is meant to be our freedom. We're meant to be able to do what we want to do."

Seng Rechtfertegung fir den 100.000 Pond Deal war déi hei:

"Am Ufank huet et mir Suerge gemaach, dëse Kontrakt ze ënnerschreiwen. Ech hunn driwwer nogeduecht, an elo hunn ech mech domat ugefrënnt. Éierlech gesot, e bësse Sécherheet fir zwee Joer, dat ass et, wourëms et mir geet ... Virdru konnt ech just drun denken, wéi ech mäi Bauch géif gefëllt kréien, ... Elo fillen ech mech fräi ze denken - a fräi meng Gedanken opzeschreiwen ... Ech wäert mech net an de Rod Steward verwandelen, just well ech £25.00 pro Woch hu fir ze liewen."

Op "London Calling" wuessen de Membere vun The Clash, Joe Strummer, Paul Simenon, Mick Jones an Nicolas Bowen, jeeweils e puer musikalesch Flilleken. Mat hiren 100.000 Pond wollte si sech hiren eigentlechen Dram erfëllen: eng perfekt Rock-Plack produzéieren. Déi éischt Reaktioun op esouvill Drock war emol fir d'éischt "Writer's Block".

Fir deen ze iwwerwannen, hunn The Clash zesumme Cover-Versioune gespillt. Rockabilly, Rhythm & Blues a Reggae-Stécker, an ëmmer dono eng Partie Fussball gespillt. Am August 1979 koumen d'Iddien dunn zesummen. "Lost in the Supermarket", "Guns of Brixton" an e puer aner Titele stoungen, fir d'éischte Kéier Eegekompositioune vum Bassist Paul Simenon. Den originale Rock'n Roll Mythos nei captivéieren, dat muss hir verstoppten Intentioun gewiescht sinn. D'Freed um Experimentéieren an einfach Spillen ass net ze iwwerhéieren, d'Produktioun ass net glat, mee ausgeglach. Et héiert ee wuel Punk Rock, mee dat ass hei net de Punkt. Well haaptsächlech ass "London Calling" baschtend voll vu Rocksongs, déi ouni vill ze probéiere sécherlech zu deene Gréisste jeemools kënne gezielt ginn.

De Strummer ass a Form. Vun den Nowéie vum spuenesche Biergerkrich op "Spanish Bombs" iwwer Konsumkritik op "Lost in the Supermarket" bis zum "Three Mile" Nuklearaccident um Titeltrack kommen d'politesch Stellungnamen nëmmen esou geflunn, an dat ouni vill Polemik.

D'Poschett ass e weideren Highlight. Virop de Bassist Paul Simenon beim Zerschmettere vu sengem Fender Precision Bass, fotograféiert vun der Penny Smith, déi mat der Band eng laangjäreg no Zesummenaarbecht sollt ufänken. Vläicht gouf keng Band jeemools esou gutt a Biller duergestallt wéi The Clash.

Et goufe kaum schlecht Kriticken iwwer "London Calling". Der universeller Accessibilitéit, der réier, naiver Energie, der detailléierter Ëmsetzung war scheinbar net ze widderstoen. D'Single "London Calling" koum an d'Top 20, den Album war séier Platin. Haut ass dës Plack, mat hirem zäitlosen, einfache Sound, hiren intelligenten a humorvollen Texter an hirer positiver Energie zu Recht e Klassiker.