Radioen

On air

Resonanzen  |  Ludwig van Beethoven - Serenade fir Flütt a Piano a Ré Maj., Op. 41, V. Allegro scherzando e vivace - Emmanuel Pahud (Flütt), Eric Le Sage (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Live aus der Philharmonie

OPL-Concert

Live aus der Philharmonie

De radio 100,7 iwwerdréit den Owend um 20:00 Auer live aus der Philharmonie den éischten OPL-Concert vun der neier Saison. Wat d'Nolauschterer erwaart, verréit de Chefdirigent Gustavo Gimeno.

auto_stories

2 min

Foto: cc Philharmonie / Wolfgang Staudt

Grad wéi virun engem Joer ginn de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg a säi Chefdirigent Gustavo Gimeno och dëst Joer mat Musek vum Gustav Mahler an déi nei Saison. Fir den Optaktconcert sti Lieder aus "Des Knaben Wunderhorn" um Programm, interpretéiert vun enger vun deene ganz grousse Stëmmen aus eiser Zäit: Dem Thomas Hampson.

"Ech hunn de Mahler-Gen", gesteet de Gustavo Gimeno. Hie konnt sech der Mahler-Traditioun einfach net entzéien, déi hie scho mat 17 Joer gepaakt hat. "Wéi ech selwer Mahler gespillt hunn, war mir eigentlech ni richteg bewosst, wat sech hannert der Traditioun vum Concertgebouw verstoppt, wat esou speziell ass", verréit de Gustavo Gimeno. Déi typesch Phraséierung an den Timing wiere fir hien deemools selbstverständlech gewiescht.

Gustavo Gimeno

Eng Mahler-Obsessioun

Trotz der grousser Virbelaaschtung fënnt de Gustavo Gimeno haut déi néideg Distanz, fir eng eege Mahler-Interpretatioun z'entwéckelen. "Déi entsteet beim Studium vun de Partituren, vun de sëllechen Indikatiounen, déi de Komponist selwer ginn huet. Wann ech d'Partitur opschloen, dem Mahler seng Remarke consideréieren a mir meng eege Gedanke maachen - da fannen ech meng Äntwerten."
Eng ähnlech Mahler-Obsessioun huet och den Thomas Hampson gepaakt. Deen amerikanesche Bariton ka sech säi Repertoire scho guer net méi ouni d’Lidder vum grousse Spéitromantiker virstellen. Dem Mahler seng Orchesterlidder sinn eng Konstant am Hampson senger Diskographie, ee Sänger, deen zënter sengem Debut 1987 an der Wiener Staatsoper op deene grousse Bühnen doheem ass.

Och nei Musek

Als Kontrapunkt zum Gustav Mahler senger grad esou intimer wéi opulenter Musek, proposéiert de Gustavo Gimeno am zweeten Deel vum Programm "La mer vum Claude Debussy" - eent vun de markante Wierker aus dem franséischen Impressionismus.
De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg laut seng nei Saison awer och mat neier Musek an - mat der Uropféierung vu "Mural", eng Commande, déi den Orchester an d’Philharmonie un de Francisco Coll ginn hunn, e Landsmann vum Chefdirigent Gustavo Gimeno


De Concert kënnt Dir den Owend live op der Antenn lauschteren: Vun 20:00 Auer bis 22:30 um radio 100,7