Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liicht verdaulechen Eskapismus-Pop

COMA - Voyage Voyage

Liicht verdaulechen Eskapismus-Pop

Wann et besënnlech gëtt, dann dierf et u gudder Musek net feelen. All deenen, déi dem Erop a Erof vu "Last Christmas" entkommen an trotzdeem iwwer d'Feierdeeg ofschalte wëllen, deene sief den Album "Voyage Voyage" vu COMA un d'Häerz geluecht. Um Programm vum Kölner Duo steet e lëftegen Trip duerch d'Landschafte vum Indie-Electro a méi Club-orientéiertem Pop, dee weder ze seicht nach ze kapplaaschteg ass.

auto_stories

2 min

D'lescht Woch nach konnt een Hot Chip, déi et entretemps zanter bal zwanzeg Joer gëtt, live hei zu Lëtzebuerg am Club erliewen. Déi Londoner Synthpop-Band ka sech bis haut ëmmer nees zilgenee mat matrappende Singles un d'Spëtzt vun de Clubcharts katapultéieren.

Souzesoe kéint een d'Zeen ronderëm Hot Chip an de Genre vum Indie/Electropop, dee si staark gepräägt hunn, als Nährbuedem vu méi jonke Bands wéi zum Beispill COMA aus Köln bezeechnen. Och si beweege sech an der Grozon, wou Indierock, Synthpop a Clubmusek openeentreffen.

COMA, dat sinn de Georg Conrad an de Marius Bubat, stamen aus der Kölner Clubzeen. Hir éischt zwou Placke sinn um renomméierte Kölner Technolabel KOMPAKT erauskomm.

Fir hiren drëtte Longplayer "Voyage, Voyage" si si op de Berliner Label City Slang gewiesselt, op deem ënner anerem Kënschtler wéi Caribou an The Notwist gesignt sinn. Dat passt ganz gutt bei dee verdreemten an hypnotesche Vibe, dee sech duerch quasi all d'Tracks vum neien Disk vu COMA zitt.

Onhektesch Beats

Den Albumtitel "Voyage, Voyage", sou den Titel vum drëtten Disk vu COMA, kënnt deemno och net vun ongeféier. Mat hirer poléierter mee waarmer Produktioun an duerchgoend onhektesche Beats huele si ee mat op d'Rees. Wien also iwwer d'Feierdeeg e klengen eskapisteschen Ausfluch néideg huet, deen ass hei ganz gutt opgehuewen.

D'Drums kommen iwwregens zum groussen Deel net aus der Béchs, mee goufen op enger richteger Batterie agespillt. Esou Klengegkeete wéi dësen Detail sinn dann och de Grond, firwat dës Plack immens homogen a ronn kléngt. Keng kënschtlech Klimax an och keen Hick rappen een erëm aus der Gedankerees eraus.

Wann et um drëtten Album vu COMA eppes ze kritiséiere gëtt, da kéint ee soen, datt et souwuel musikalesch wéi och atmosphäresch ni wierklech déifgrënneg gëtt. Op där anerer Säit kann dat och grad en Atout sinn, well et Musek fir ofzeschalten ass, fir sech dreiwen ze loossen an der Wierklechkeet ze entfléien. Net just d'Fans vun Hot Chip, Caribou a Konsorte wäerten un dësem Disk hir Freed hunn.