International Classical Music Awards 2017 Lëtzebuerger Museker nominéiert

D'International Classical Music Awards (ICMA) sinn e Fachjury vu Museksjournalisten aus Print- an Audio-Medien - dorënner och de radio 100,7 - dee Joer fir Joer déi bescht Produktiounen op CD an DVD auszeechent. Elo sinn d'Nominatioune fir d'International Classical Music Awards 2017 bekannt.

Guy Engels

ICMA nomination 2017
D'ICMA Nominatioune fir 2017 sti fest

Dräi Produktioune mat Lëtzebuerger Museker kruten eng Nominatioun fir d'International Classical Music Awards (ICMA) 2017 an der Kategorie Kammermusek:

  • Den Trio Koch fir seng brillant Martinu-Milhaud-CD
  • Den Join Venture Percussion Duo mat Arrangementer vu Ravel-Wierker fir Vibraphon a Marimba
  • De Wave Quartet (mam Perkussionist Christophe Sietzen), dee südamerikanesch Musek interpretéiert.

312 Audio- a Video-Produktiounen

Dës dräi Verëffentlechungen hunn et op d’Lëscht vun am Ganzen 312 Audio- a Video-Produktioune gepackt. Esou eng ICMA-Nominatioun spillt fir d'Kënschtler an och fir déi 119 Labelen, déi am Renne sinn, an hirem Curriculum eng wichteg Roll.

D'International Classical Music Awards vergi Präisser a 15 Kategorien - vun aler Musek iwwer Solo Instrumental, Chouer, Concerto a Symphonie bis bei Nei Musek.


Wien 2017 ee Präis kritt, steet den 20. Januar d’nächst Joer fest. D'Präisiwwerreechung an de Concert mat de Laureaten ass den 1. Abrëll 2017 zu Leipzig mam Gewandhausorchester ënnert der Leedung vum Francesco Angelico.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen