Radioen

On air

Kultur um 5  |  Grizzly Bear - While You Wait For The Others

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leise Zeichen vum Klaus Hoffmann

Chanson

Leise Zeichen vum Klaus Hoffmann

Beim Proust waren et d'Madeleine an den Téi ... och beim Klaus Hoffmann dauchen op eemol Erënnerungen erëm op a gi vun him vertount. "Leise Zeichen" heescht de neien Album vum däitsche Chansonnier: Erënnerungen u Fréier, ëmgesat a Wieder an Nouten.

auto_stories

2 min

De Klaus Hoffmann. Foto: Malene

Et gëtt Zeechen, déi een a sech dréit, zanter dass een sech erënnere kann. Déi an engem schlummeren - an déi op emol erëm aus der Versenkung opdauchen: Bannescht Fotoen, un d’Uewerfläch gespullt vun Téin, Faarwen, Biller an Evenementer, déi si erëm an Erënnerung bréngen. Do sammelt sech esou muenches un ... och beim Klaus Hoffmann a senge mëttlerweil 65 Joer. "Leise Zeichen" nennt hien dann och säin Album, an deem hien etlech där Fotoen a Wierder a Noute beliicht.

Erënnerungen an deenen ee sech erëm fënnt

A "Leise Zeichen" stéisst een op perséinlech Souveniren, mat deenen ee sech awer duerchaus identifizéiere kann. Besonnesch wann ee selwer och de 1960er Beatnick war, dee fir Love and Peace op d’Strooss gaangen ass. Wann een emol selwer der "Sie" oder dem "Him" begéint ass, déi een e Liewe laang verfollegen an déi een an Erënnerung hält ewéi deemools. Wann ee generell bis bei sech selwer erakuckt a seng eegen Zeeche Revue passéiere léisst.

"Die Jahre gehen", seet de Klaus Hoffmann, "die Zeichen bleiben", mol méi, mol manner visibel. En Album wéi dëse kann een duerchaus reizen, fir selwer op d’Sich ze goen. An et fënnt ee séier eraus, datt effektiv villes erëm optaucht, iergendwou ënnerwee vläicht, an engem Bléck, engem Geste. "Wohl dem, der ihren Sinn nicht vergessen hat", philosophéiert de Kënschtler.

E Poet erzielt

Musikalesch bitt dësen Abléck a schéin, manner schéin, mol turbulent a faarweg, mol nostalgesch a bedréckend Amenter, d’Mëschung aus Liedermachertraditioun a Chanson.

De Klaus Hoffmann steet zanter 1974 op der Bühn an am Studio a bleift - wie wonnert et - de Poet deen erzielt. Dat an Zesummenaarbecht mam Komponéierpartner Hawo Bleich, senger Studioband an e puer prominente Gäscht, wéi d'Münchener Philharmoniker oder den Till Brönner op der Trompett. Teamwork, wéi den Hoffmann resüméiert: E Matenee vu klenge Gesten, vum Sechverstoen, vum Matenee-musizéieren a Mateneen-erliewen.

"Leise Zeichen" ass e perséinleche Réckbléck op eng etlech prägnant Momenter vum Klaus Hoffmann senge 65 Joer. Eng Zort Tagebuch, wou een déi eng oder aner Experienz vun him duerchaus als seng eege betruechten däerf.


"Leise Zeichen" vum Klaus Hoffmann ass eisen Album vun der Woch. Méi dorausser kënnt dir ënnert anerem vu Méindes bis Freides an eiser Emissioun "Ënnerwee" ëm 16 Auer héieren.