Radioen

On air

Espresso Beats  |  Black Pumas - Gemini Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léiert de Komponist vum Mount Mäerz kennen

Deels Hobby deels Aarbecht

Léiert de Komponist vum Mount Mäerz kennen

Am Wierk vum Claude Kraus fënnt ee Stécker fir Klarinett, Orchester Chouer, Perkussioun a Piano. Domat huet hie sech zu Lëtzebuerg well en Numm als Komponist gemaach. Do dernieft schafft hien als Enseignant fir Piano a Solfège. Fächer, duerch déi hien a senger Jugend de Wee zu der Kompositioun fonnt huet.

auto_stories

3 min

De Claude Kraus

Relativ fréi hätt de Claude Kraus ugefaangen um Piano ze experimentéieren. De Solfège wier dorun net ganz onschëlleg gewiescht, well een duerch d'Diktater geléiert hätt, wéi ee Stécker vun CDen oder vum Radio lauschteren an nospille kéint.

"Ech denken, dat war sou deen éischte Wee an d'Richtung: selwer eppes schreiwen."

E begeeschterte Mozart-Interpret

Duerch esou Experimenter um Piano koum et schlussendlech och zu enger vum Claude Kraus sengen éischte Kompositiounen: eng Kadenz fir e Stéck vum Carl Philipp Emanuel Bach.

"Dat war natierlech e bësse méi einfach, och well ee scho Material hat, wat do war. [...] Ech hu mech awer ni getraut, fir dat am Cours virzespillen."

Datt de Claude Kraus mat engem Stéck aus dem 18. Joerhonnert seng éischt Schrëtt an der Kompositioun gemaach huet, wonnert net. Et ass nämlech déi Epoch, an där säin deemolege Liblingskomponist gelieft huet.

"Ech war ëmmer ganz frou mam Mozart. Mäi Proff hat eemol gesot: 'Gëff him Mozart, da spillt hien der dat.'.

Zweet Etapp: De Studium

An och haut ass de Claude Kraus ëmmer nach e Fan vum Mozart. Dat eenzegt, wat sech geännert hätt, wier datt hie mëttlerweil vill aner Komponiste genee esou interessant géif fannen.

Op der Hochschule für Musik Saar huet de Claude Kraus Piano studéiert. Ugefaange mat engem Bachelor an der Instrumentalpädagogik huet hie säi Studium mat engem Master an der Zäitgenëssescher Musek ofgeschloss, zu deem d'Kompositioun am Niewefach gehéiert huet.

"[Am Fach Kompositioun] krut een net méi esou direkt Virschléi gemaach, wéi een et ka besser maachen, mee et krut een éischter Froe gestallt, fir selwer op déi Virschléi ze kommen. An dat huet mech scho weiderbruecht."

Komponéieren: Hobby oder Aarbecht?

Mëttlerweil enseignéiert de Claude Kraus Piano um Stater Conservatoire a Solfège um Conservatoire du Nord. Kombinéiert mam Komponéieren ergëtt dat fir hien e gudde Mix.

"Exklusiv Komponist ze sinn, ass mengen ech hautdesdaags ganz schwéier, wann een net op deene richtege Plaze sëtzt. An ech mengen, dat géing mir elo och net onbedéngt esou zousoen, well et awer relativ ongewëss ass. Et weess een net, wéini erëm eng Kéier en Optrag erakënnt. An de Melange fannen ech ëmmer ganz interessant."

Deementspriechend wier d'Komponéiere fir de Claude Kraus deels en Hobby, deels Aarbecht, jee no Situatioun.

"Komponéieren ass en Hobby, awer net nëmmen. [...] Dat heescht et ass esou bëssen déi zwee. Ech schreiwe gäre Saachen, déi ech einfach esou fir mech schreiwen, wou ech och net weess, ob déi jeemools eng Kéier gespillt ginn, mee déi ech deen Ament einfach onbedéngt wëll op de Pabeier bréngen. An da ginn et eben och Saachen, wou ee gefrot ginn ass [...], wou ech da weess, dat gëtt eng Kéier gespillt. Dat gëtt souguer op engem bestëmmten Datum opgeféiert. Bis dohinner muss dat fäerdeg sinn, wou et da méi Job ass, wéi lo einfach en Hobby."