Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Léo Delibes: mol lëschteg, mol serieux

Komponist vum Mount

De Léo Delibes: mol lëschteg, mol serieux

De Léo Delibes ass eise Komponist vum Mount Januar. Et ass e villsäitege Museker, dee säin Nolauschterer mat op eng Zäitrees duerch d'Enn vum 19. Joerhonnert zu Paräis hëlt. An d'Opéra comique, wou vill gelaacht gëtt, a Stécker vu Bizet a Berlioz, a mëtten an déi sozial Tensioune vun der Zäit.

Guy Engels / ckl

auto_stories

5 min

D'Musek vum Delibes war eigentlech ëmmer um Bols vun der Zäit

Am Joer 2013 huet den Alain Duault ee Buch mat 20 Exklusiv-Interviewen erausbruecht, den Titel: “De Bach à Ravel”. Et sinn – logescherweis – fiktiv Gespréicher mat de grousse Komponisten. Dorënner: de Léo Delibes. A wann de Léo Delibes an deem Gespréich vu sengem Liewen an der Paräiser Theaterwelt verzielt, da sinn Fiktioun an historesch Realitéit net wäit auserneen. Hei en Extrait aus dem "Interview" mam Delibes:

“Offenbach m’a commandé plusieurs opérettes pour ses Bouffes-Parisiens. Mais j’en ai donné aussi au Théâtre-Lyrique, où j’étais toujours accompagnateur. C’est aussi à cette époque que j’ai rencontré Labiche qu’Offenbach voulait solliciter pour un livret dont il souhaitait que je le mette en musique: je n’a pas regretté que l’auteur du Chapeau de paille d’Italie m’a concocté un livret tout à fait délirant, L’Omelette à la Follembuche, qui a crevé le plafond des Bouffes en 1859.”

Eng Realitéit: De Jacques Offenbach, vun 1855 un Chef vun de Bouffes-Parisiens, war déi Zäit eng vun den dominanten Figuren am franséischen Museksliewen, a wien beim him an der Gonscht war, deen hat gutt Chancen weiderzekommen.

Eng aner Realitéit war, datt Paräis sech an der Mëtt vum 19. Jorhonnert gären ameséiert huet, respektiv sech gären ameséieren gelooss huet. Et war de Karschnatz fir déi komesch Oper, déi d’Gesellschaft vun deemools monter parodéiert huet. De Léo Delibes huet fir déi Haiser geschriwwen huet, wou eng Demande war – an dat war nun emol d’Opéra comique.

Komesch Operen ronderëm de franséische Kinnek

“L’omelette à la Follembiche” war dem Delibes säin éischte grousse Succès. Een agebilten Aristokrat vum Land léisst keng Geleeënheet aus fir sech ze blaméieren. De grousse Coup geléngt ëm mat der Omelette vun der Baronne de Follembuche – gewierzt mat Peffer, Gips a Sand a gemënzt als Revanche géintiwwer vun e puer einfachen Zaldoten. Um Enn lant de Menu awer um Teller vum Kinnek vu Frankräich...

An de franséische Kinnek muss och fir d’Oper “Le roi l’a dit” hierhalen. Hei ass et de Marquis de Montcontour, dee beim Louis XIV an d’Laberente kënnt, well en der Mme de Maintenon hire Papagei gerett hat. De Marquis bretzt sech matt engem Fils, deen net säin ass – mee eigentlech een einfache Bauer. Deem gefält awer d’Liewen als Grandseigneur a suergt fir eng Rei verwuerelt Situatiounen.

E Bühnemënsch

U Bühnepraxis an um Handwierk huet et dem Delibes net gefeelt. A wann en näischt selwer produzéiert huet, da war en u wichtegen Projeten bedeelegt: als Arrangeur fir d’Vokalpartien am Gounod sengem Faust, als Chouerchef bei der Preparatioun vum Bizet sengen “Les pêcheurs de perles” an “Les Troyens” vum Berlioz, an als Begleeder a Chorrepetitor um Théâtre Lyrique.

An awer huet den Délibes sech relativ spéit un déi grouss, déi eescht, dramatesch Sujeten gewot. Den 28. November 1882 ass zu Paräis eng nei Produktioun vum Victor Hugo sengem Drama “Le roi s’amuse” ze gesinn – mat Bühnemusek vum Léo Delibes. De Sujet fir d’Oper hat den Giuseppe Verdi sech schonn 1851 gekroopt an als “Rigoletto” zu Venedeg op d’Bühn bruecht.

Ëmmer am Trend vun der Zäit

Ee Joer no der Szenemusek fir “Le roi s’amuse” stierft d’Lakmé hiren dramateschen Bühnendoud an der Opéra-Comique zu Paräis. An och mat dësem Wierk läit den Delibes am Trend vun der Zäit, nämlech der Zäit vun den Historiendramen mat exoteschem Flair. De Georges Bizet hëlt eis an “Les pêcheurs de perles” mat op d’Insel Ceylon, “Le roi de Lahore” vum Jules Massenet spillt an Indien.

Deeselwechten Decor hu mer fir Lakmé, d'Duechter vun engem Brahman, déi vum engleschen Kolonialoffizéier Gerald ugehimmelt gëtt. Et ass eng onméiglech Léift – schonn eleng doduerch, well den Gerald einfach esou an den Tempel vun der Brahma koum. Dëse Sacrilège gëtt mam Doud bestrooft – eng Strof, déi d’Lakmé aus Léift op sech hëlt. Ouni den "Duo des Fleurs" an den "Air des clochettes" wier "Lakmé" vläicht haut grad esou an de Vergiess geroden ewéi dem Delibes seng aner Bühnewierker. Dobäi huet de Komponist ëmmer nees bewisen, datt hien eng gutt Fieder, eng gutt Nues a vill Fantasie hat – net nëmmen a senge méi populären Balleten.

A senger leschter Oper “Kassya”, déi de Jules Massenet fäerdeg geschriwwen huet, huet de Léo Delibes esouguer ee politeschen Sujet opgegraff – eng Bauererevolt. An och hei war hien ee Mann vu senger Zäit a reflektéiert déi sozial Spannungen a Frankräich um Enn vum 19. Jorhonnert.