Radioen

On air

De Moien  |  Flo Morrissey & Matthew E. White - Thinking Bout You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kraftwerk-Matbegrënner gestuerwen

Noruf

Kraftwerk-Matbegrënner gestuerwen

De Florian Schneider ass dout. Als Matbegrënner vum Musek-, Konscht- an Technikprojet Kraftwerk war hien ee vun deenen aflossräichste Popmuseker weltwäit.

auto_stories

2 min

1947 zu Düsseldorf als Jong vun engem berüümten Architekt gebuer, huet hie schonn a jonkem Alter Konscht a Kultur geotemt. A jonke Joren huet hie Gittar, Gei a Querflütt um Conservatoire geléiert. A Coursen ënner dem Karl-Heinz Stockhausen an dem Mauricio Kagel entdeckt hien déi musikalesch Avant-Garde - béid Kënschtler wäerten ee staarken Afloss op hien hunn.

Mam Ralf Rütter, deen hien 1968 kenneléiert, grënnt hien d'Band Organisation, déi am Kader vum deemolege "kosmische Musik"-Mouvement d'Instrumenter vum Jazz, d'Attitüd vum Rock an d'Konzeptualitéit vun der Avant-Garde-Musek matenee verbanne wëllt.

Wärend dëser Aarbecht ass d'Iddi fir de Projet "Kraftwerk" entstanen, deen Numm, ënner deem de Rütter an de Schneider tëschent 1970 an 1973 hir éischt dräi Placken erausbréngen, zesumme mat engem wiesselende Grupp vu Collaborateuren. Düster Hammond-Uergelen, dissonant Crescendoen an Experimenter op der Flütt kennzeechnen zum Beispill den Debut-Album.

De Projet konkretiséiert sech

Mat "Autobahn", hirem 4. Album 1974, konkretiséiert sech ee Konzept, dat Kraftwerk weltwäit zu deenen aflossräichste Populariséierer vun elektronescher Musek maache wäert. D'Musek ass fir d'éischte Kéier ganz ouni akustesch Instrumenter opgeholl, eng Première am Pop-Beräich.

An akribescher Studioaarbecht setze si Synthesizer-Kläng zu bewosst plakativen, konzeptaartege Plagen zesummen, déi op thematescher a rhythmescher Widderhuelung baséieren. D'Resultat ass net nëmmen hypnotesch a bis dohin ongehéiert Musek, mee och den Ufank vun enger intelligenter Ausernanersetzung mat der Gesellschaftsstruktur vum Nokrichseuropa, déi d'Band iwwer Joerzéngte wäert weiderféieren.

Am Zentrum steet déi sougenannte Mensch-Maschine, den Homo technologicus, deen d'Qualitéite vun där Technik, déi hie benotzt, verënnerlecht. Spéider Placke wéi "Radioaktivität" oder "Computerwelt" gehéieren haut zum Kanon vun der elektronescher Musek.

Ee groussen Afloss

Kraftwerk waren awer och een tatsächleche Konschtprojet, an deem Elementer vu Performance, Massemedien a Gesellschaftskritik (an engem ganz neutrale Sënn) zu engem staarke Ganzen zesummefonnt hunn. Vun 1998 un enseignéiert de Schneider op der Konschthéichschoul zu Karlsruhe a verléisst Kraftwerk, déi kaum nach nei Musek erausbréngen, mee nach Live-Concerte spillen, schläichend vun 2006 un, an 2009 definitiv.

Et ass net iwwerdriwwen ze soen, datt Museksgenrë wéi Techno, Hip-Hop oder House haut net géifen existéieren, hätte Kraftwerk net op hir Muse gelauschtert. Säin Entourage gëtt als Doudesursaach ee séier verlafende Kriibs un, de Florian Schneider ass 73 Joer al ginn.