Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konscht oder Kaméidi?

Podcast-Tipp

Konscht oder Kaméidi?

De Kaméidi steet am Mëttelpunkt vun dësem éischten Deel vum Christian Mosar senger Serie iwwer den Toun an der Géigewaartskonscht. Déi nei Geräischkuliss koum mat der Industrialiséierung an huet d'Musek staark beaflosst, vum Erik Satie, iwwer d'Beatles bis zu Kraftwerk an den Einstürzende Neubauten.

auto_stories

6 min

De Wilhelm Bölsche (1861-1939) war eng aussergewéinlech Figur am däitsche Fin de siècle: D'Striewen no enger "Lebensreform" hält hien net dervun of d’Fräiheete vun der Bohème ze genéissen. De Bölsche huet a senger Zäit d’Naturwëssenschafte vulgariséiert. Och wann hie selwer kee Wëssenschaftler war, huet hien an enger Abberzuel vun de klenge Kosmos-Heftercher ënnert anerem och d’Léier vum Darwin engem breede Publikum zougänglech gemaach.

1901 schreift hien: „Das Geräusch des neunzehnten Jahrhunderts, das wir zuerst hören, wenn wir uns seelisch darauf konzentrieren, ist kein Schlachtendonner und kein Feldgeschrei irgendwelcher weltlichen oder geistlichen Art: Es ist das Donnern eines Eisenbahnzuges, der das Granitmassiv eines Schneegebirges im Tunnel durchquert, das Pfeifen von Dampfmaschinen, das Singen des Windes in Telegraphendrähten und der sonderbare heulende Laut, mit dem der elektrische Straßenbahnwagen an seiner Leitung hängend daherkommt.“

Beschriwwe gëtt hei dat, wat d'Industrialiséierung ausgemaach huet: De Kaméidi. ​D’Fabriken, den Zuch, den Tram an den Automobil, alles dat waren nei Andréck. Vun den natierleche Geräischer huet sech deen neie Kaméidi virun allem duerch säi repetitiivt a monotont Muster ënnerscheed. Dat sollt vill spéider zum Besipill Afloss op d'Musek vu Gruppe wéi Kraftwerk kréien.

Kaméidimaschinnen

1913 huet den italienesche Futurist, de Luigi Russolo (1885-1947) d’Manifest vun der Konscht vum Kaméidi geschriwwen, eng vun de Grondlage vun der Konschtform vum Bruitismus. De Russolo huet eng Lëscht vu Geräischer opgestallt, déi fir eng nei futuristesch Musek kéinten a Fro kommen. Dobäi ware Saache wéi Grommelen, d’Geräisch vu Waasser dat fält, oder och Päifen a Schnaarchen. Natierlech och Kierpergeräischer sollte mam Kaméidi vun der Maschinn kombinéiert ginn.

De Russolo huet fir seng futuristesch Musek dann och nei Instrumenter gebaut: D’"Intonarumori". De Russolo hat eng 27 verschidden esou "Kaméidismaschinne" gebaut. Dobäi koume Geräischer eraus wéi Hurelen, Donner, Explosiounen, Guergelen, an esou weider.

A sengem futuristesche Manifest heescht et: "Chaque son porte en soi un noyau de sensations déjà connues et usées qui prédisposent l’auditeur à l’ennui, malgré les efforts des musiciens novateurs. Nous avons tous aimé et goûté les harmonies des grands maîtres. Beethoven et Wagner ont délicieusement secoué notre cœur pendant bien des années. Nous en sommes rassasiés. C’est pourquoi nous prenons infiniment plus de plaisir à combiner idéalement des bruits de tramways, d’autos, de voitures et de foules criardes qu’à écouter encore, par exemple, 'l’héroïque' ou la 'pastorale'."

Den Edgar Varèse (1883-1965) huet 1914 ugefaang, iwwert eng nei "Matière sonore" nozedenken andeems hie klassesch Kompositiounsmëttel an déi traditionell Museksinstrumenter ganz op der Säit gelooss huet. An "Amériques", e Wierk vun 1921 a fir groussen Orchester, sinn zum Beispill och Sirenen integréiert. Zitat vum Varèse: ”Wir halten es für nötig, veraltete Werkzeuge durch andere zu ersetzen, die durch neue Bedürfnisse angefordert werden, und wir finden, daß das Boulderdamm-Kraftwerk uns besser ausdrückt als die ägyptischen Pyramiden und die gotischen Kathedralen. Aber in der Musik muß man folgern, wenn man ein Konzert mit zeitgenössischer Musik verläßt, daß die meisten Komponisten taub seien oder sich ihr Auffassungsvermögen auf diejenigen Töne beschränke, die seit ein paar hundert Jahren von Orchestern hervorgebracht werden."

​Vum Satie bei d'Beatles

1917 huet den Erik Satie a sengem Ballet "Parade" e Fligermotor oder och eng Schreifmaschinn als Instrumenter virgesinn. ​Doraus huet sech spéider de Courant vun der "Konkreter Musek" entwéckelt. "Musique concrète" definéiert d’Musek esou, datt se vu Geräischer aus der Realitéit ausgeet, déi op Tounband opgeholl goufen a verwandelt ginn. An de fréie 50er Joren ass doraus d'"musique abstraite" ginn. 1951 hunn de Pierre Schaeffer an den Pierre Henry sech esou am "Groupe de recherches de musique concrète" erëmfonnt. Eng zéng Joer laang hunn déi zwee Fransouse mat hiren Tounbänner experimentéiert. Eng vun den Applicatioune war zum Beispill d’Filmmusek.

An der nämmlechter Zäit hunn zu Köln, an de Studioe vum "Nordwestdeutscher Rundfunk", Komponisten vun den neien Entwécklungen an der elektronescher Musek kënne profitéieren. Déi meeschte Vertrieder vun der "musique concrète" an der elektronescher Musek hu sech awer als éischt net als Museker, mee vill méi als Wëssenschaftler a Fuerscher verstan.

Den Afloss vum Bruitismus, awer och vun den Experimenter aus de 50er Joeren huet säi Wee bis an d’Mainstreamkultur fonnt. Zum Beispill "Revolution 9" op de Beatles hirer LP "Sergeant Peppers Lonely Hearts Club Band" vun 1967. Dës Collagë vu Geräischer huet den John Lennon spéider als Molerei iwwert de Sujet vun der Revolutioun definéiert. Hei koum fir d’éischte Kéier e Milliounepublikum a Kontakt mat der "musique concrète". Mee alles dat war scho laang kee Kaméidi méi, mä e raffinéiert Konschtwierk an och en evoluéiert Kulturprodukt. De Kaméidi selwer war awer nach ëmmer do.

Schonn am 19. Joerhonnert ass de Kaméidi awer och ëmmer méi als e Problem vum moderne Liewe gesi ginn. D'Leit hunn e Recht op Rou gefrot. De Kaméidi ass och als ee vun de Grënn vun engem neie Gemittszoustand erkannt ginn: Der Nervositéit.