Zäitgenëssesch Musek Komponist Pierre Boulez ass dout

De franséische Komponist an Dirigent Pierre Boulez ass dout. Hien ass um Dënschdeg 5. Januar am Alter vun 90 Joer zu Baden-Baden gestuerwen, wou hien zanter Joere gelieft hat. De als ee vun de wichtegste Vertrieder vun der zäitgenëssescher Musek.

Pierre Boulez.jpg
Pierre Boulez

De Pierre Boulez huet zum Beispill dem Schönberg seng Zwieleftountechnik weider entwéckelt, grad ewéi seriell an elektro-akustesch Musek an deem vun him gegrënnten "Institut de Recherche et Coordination Acoustique/Musique" (IRCAM).

Als Dirigent war de Boulez ënnert anerem beim Sinfonieorchester vum Südwestfunk, dem BBC Symphonic Orchestra, dem Chicago Symphonic, dem Phildadelphia Orchestra an dem New York Philharmonic Orchestra aktiv, sief et als Chefdirigent oder als Chef-Invité.

Fir méi iwwert de Pierre Boulez gewuer ze ginn, lauschtert "Sequenza" vum Maria Gutierrez. D'Emissioun ass fir d'éischt de 16. Februar 2015 op der Antenn vum 100,7 gelaf:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen