Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komponist, Pianist an Dirigent

Klassesch Musek

Komponist, Pianist an Dirigent

Komponist vun Operetten, Sakralmusek a Wierker fir Harmonieorchester, Pianist, Sänger an Dirigent - de Pierre Nimax ass Museker duerch an duerch a virun allem bekannt als laangjärege Chef vun der Militärmusek. Haut feiert hie säin 90. Gebuertsdag.

auto_stories

2 min

De Pierre Nimax ass houfreg op seng Successeure bei der Militärmusek an och frou, datt déi Entwécklung, déi hien ageleet huet, weidergeféiert gouf.

Chef vun der Militärmusek gi war am Fong net de But vum jonke Museker Pierre Nimax: hie wollt Pianist ginn. Gesondheetlech Problemer mat enger Hand hunn eng Karriär an deem Fach verhënnert. De Pierre Nimax war awer Museker duerch an duerch an hat am Henri Pensis, de Grënnerdirigent vum fréieren RTL-Orchester, e grousse Fërderer.

Den Henri Pensis als Fërderer

Den Henri Pensis hat schëtzeg dat enormt Talent vum Pierre Nimax spatzt krut, an hie fir eng ganz Partie Opname mat Orchester engagéiert. Wéi et mat der Pianistekarriär näischt sollt ginn, huet hien dem Pierre Nimax virgeschloen Direktioun ze studéieren en Vue vun engem Wiessel un der Spëtzt vun der Militärmusek.

1971 iwwerhëlt de Pierre Nimax d'Baguette vum Norbert Hoffmann bei der Militärmusek. An der Funktioun vum Chef vun der Militärmusek hat de Pierre Nimax vill Kontakt mam Grand-Duc Jean, deem hien och seng Kantat "Ons Hemecht" dediéiert huet.

E villsäitegt Talent

De Pierre Nimax konnt seelen nee soen. Ëmmer wann hie fir Musek gefrot gouf, war hien derbäi. Hien huet an all Genre komponéiert a war iwwerdeems och nach e begeeschterte Sänger als Member vum Quatuor vocal de Luxembourg.

Esou ass een enorme Wierkkatalog entstanen, e Fundus u Musek, vun deem och haut nach Chéier an Harmonieorchestere profitéiere kënnen.