Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Diana Ross - Upside Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komfortrauschen: Techno am Punk-Outfit

Sonic Visions

Komfortrauschen: Techno am Punk-Outfit

"Mir sinn am Fong Instrumentalisten, déi den Techno entdeckt hunn", seet de Philipp Oertel vu Komfortrauschen.

auto_stories

1 min

Deen üblechen Nodeel vun der Technomusek, datt se dacks nëmmen dem Konsument säi Kierper zum Wibbele bréngt, hu si fir sech geléist: si spillen elektronesch Musek mat Bass, Batterie a Gittar. Live ass et beandrockend, dat bal maschinell präziist Spill vu Komfortrauschen gelieft viru sech ze gesinn a sech bei der Trance matgoen ze loossen.

Datt een e bëssen Zäit brauch fir an hir Musek eranzekommen, kënnen déi dräi Membere gutt verstoen. Een enke Club ass de perfekte Lieu fir Komfortrauschen ze genéissen, déi mat hiren Acid Basslinnen a staarker Batterie d'Blutt un d'pulséiere bréngen. De Kapp schalt een am Beschten aus, an do passt dann och de Bandnumm.

Am Gespréich mam Yves Stephany erzielen d'Berliner vum Sonic Visions Festival vun hirer Musek.

Den Interview mat Komfortrauschen lauschterenplay_arrow