Radioen

On air

De Moien  |  Weezer - Island In The Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëschent Klangmolerei a Spriechgesang

King Krule - Man Alive

Tëschent Klangmolerei a Spriechgesang

E Songwriter, deen dach iergendwou Hip-Hop mécht tëschent Klangmolerei a Spriechgesang. "Man Alive!" ass Stroossepoesie vun bal Dickensianescher Zort, eng Aart Toundokument a Stëmmungen an Nuancen, eng Graphic Novel, déi ee vläicht e bësse wéi eng Jazzplack kéint lauschteren, fënnt de Marc Clement.

auto_stories

3 min

De King Krule am Joer 2017. (Archivbild) Foto: picture alliance / Markus Scholz/dpa

Den Archie Marshall ass net de Star a senger Musek, hie wandert duerch se, huet den Jason Greene bei der Sortie vum King Krule senger leschter Plack "The Ooz" geschriwwen. Eng Aart immersiv Experienz, déi och am fräie Raum geklongen huet, wéi wann ee Kopfhörer unhätt, an duerch d'Stad géif trëppelen.

Déi véiert Studioplack

Dat ass well d'Musek vum King Krule, roudhoerege Rapper vu Southwark beim Floss zu London, eng déif Einsamkeet transportéiert. Ni mam Numm genannt, fanne mir dës an den eenzelgängereschen, misanthropesche Gedankegäng, genee wéi an dem verwëschten Niwwel vu Basslines, Beats an Atmosphären, déi wéi een jazzege Sog no bannen zéien.

"Man Alive!", seng nei a mëttlerweil véiert Studioplack, kënnt zwee an en halleft Joer méi spéit, an ass leschte Freideg gelant. Genee wéi soss kléngt villes hei wéi Sound Art, oder en Audiobuch: Messagë vum Repondeur kommen a ginn, cavernéis Saxofonpassagen iwwerhuelen de Song a verschwannen dann erëm ëm den Eck. Zoufälleg erausgepickt, stréckt "Comet Face", dee véierten Track, alles dat an ee bal Cure-ske Pop Song eran, eng Influenz, déi schonn op der Single "Cellular" opgefall ass.

Dat Verbanne vum Diffusen a Formen, déi novollzéibar bleiwen, hei ass ee vum Archie Marshall sengem musikalesche Kënnen, mee och senger messerschaarfer Balance, zudéifst beandrockt.

Manner verspillt

Vun der Klangfaarf hier ass "Man Alive!" méi konzentréiert, manner verspillt wéi d'Virgängerplack. Wien d'Stëmmunge vun de Smashing Pumpins, The Cure oder Joy Division appreciéiert, fënnt hei bal eng Hip-Hop-Versioun, vun där Zort Stëmmungsmolerei, déi aus de groen Himmelen an dem sauerem Reen vun den 80er ervirgaangen ass.

Dat atmosphärescht "The Dream" hellt wéi sou dacks beim 25-järege Londoner d'Roll vun engem Interlude oder enger Partitioun, hei an der Mëtt vun der Plack. Eng chorusséiert Gittar à la Prince gëtt och dësem verdreemtsten Track um Album eng méi schaarf Konsistenz. Déi spaceg Verwäschtheet vu senger viregter Plack verwandelt sech hei an de Kegel vun enger Stroosseluucht a schwaarz wäiss.

Stroossepoesie

Trotzdeem bleift och dës Plack eng Aart Bidden, an déi ee sech ganz eraleeë muss a wuel och wëllt. Op "Energy Fleets" schaffen de schifen Takt a vill atmosphäresch Stëmmsampele fir eng immersiv Experienz ronderëm dem Marshall säi Stëmm-Guitar-Songwriting.

Den Titel "Man Alive!" bezitt sech zum engen op seng eegen Anticipatioun vum Pappginn, déi sech a ville Songs erëmfënnt, an op eng Manéier säi Bléck op d'Welt nëmmen nach méi sarkastesch mécht. "But all I got was swept aside like the pesticide in your vegetables", séngt hien op dem ëmmer erëm erausstiechende "Comet Face" ... wéi wann déi imminent Gebuert vu senger Duechter d'Welt ëmsou méi onpassend géing ausgesinn doen. Et ass awer och freedeg Anticipatioun a senger Musek, wéi wann eppes Festes säi Wee an dës niwweleg Niewestroossefantasme fonnt hätt.

"Man Alive!" ass Stroossepoesie vu bal Dickensianescher Zort, eng Aart Toundokument a Stëmmungen an Nuancen, eng Graphic Novel, déi ee vläicht e bësse wéi eng Jazzplack kéint lauschteren. Si léisst den Nolauschterer fräi, am Hannergrond d'Musek op sech wierken ze loossen, oder an déi klengsten Detailer eranzetauchen. Dës Oppenheet mécht dem King Krule seng nei Plack zu enger accessibeler mee angeneem destabiliséierender Ecoute.