Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Mountains & Valleys

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Ode un d'Léift fir d'Mamm

Jyoti - Mama, You Can Bet!

Eng Ode un d'Léift fir d'Mamm

D'Georgia Ann Muldrow ass eng R'n'B Soul Jazz Sängerin, déi Abseits vum Mainstream aktiv ass. D'Legend vu Los Angeles huet och e Solo-Jazz Projet ënner dem Numm Jyoti. Leschte Freideg koum hir nei Scheif "Mama, You Can Bet!" eraus.

auto_stories

2 min

Op "Mama, You Can Bet!" gëtt eckeg gesampelt, heiansdo operatesch gesongen, fräi improviséiert an elektronesch gekniwwelt. Der Georgia Ann-Muldrow hir Musek wierkt wéi e Kaleidoskop, wou d'Geschicht vun der schwaarzer Musek vum leschte Joerhonnert fragmentéiert verbonne gëtt.

An dobäi fléisst alles aus enger eenzeger kreativer Kraaft eraus. D'Georgia Ann Muldrow huet alles selwer agespillt, arrangéiert a produzéiert. Ausser vläicht ee Saxophon, deen huet déi renomméiert Lakeica Benjamin gespillt. Et huet een et hei op alle Fall mat enger determinéierter an zerebraler Kënschtlerin ze dinn, wou d'Gefill awer ëmmer am Virdergrond steet.

"Mama, You Can Bet!" ass der Georgia Ann Muldrow hirer Mamm dediéiert. Eng Ode un hir Léift, hir Generositéit an hir d'Recht op Gléck. Iwwerdeems war d'Mamm beim spirituellen Jazz-Museker Pharao Sanders an der Band. An eng kosmesch, spirituell Komponent ass och um neien Jyoti-Album present. Den Numm "Jyoti" bedeit iwweregens "gëttlech Luucht" op al-indesch, a keen anere wéi d'Alice Coltrane huet der Georgia Ann Muldrow deen Numm ginn.

Grenzelos Musek

D'Musek um neie Wierk ass deementspriechend oppen a fräi. Hei ginn et keng Grenzen. Kee Musekspurismus a Fetichismus. Der Muldrow hir Erfarungen, hir musikalesch Ierfschaft, hire Repertoire spruddelen aus hir eraus, an iergendwéi fléisst dat Ganzt zu engem koherenten an zemools progressiven Amalgamm zesummen.

"Mama, You Can Bet!" ass gréisstendeels en instrumentalen Album, deen trotz der spartanescher Presenz vun der Georgia Ann Muldrow hirer zelebréierter Stëmm, hir eegenaarteg Ënnerschrëft dréit. Et ginn och zwee Stécker vum Jazz-Bassist a Komponist Charles Mingus interpretéiert, op deenen ee vun Duke Ellington, iwwer Sun Ra bis hin zu Flying Lotus reest.

Den neien Jyoti-Album ass villes. Musek déi eng komplex Tensioun a sech dréit. Emotionell kierperlech Momenter bis hin zu zerebrale Klangkonstrukter. Mol meditativ, mol nervös an abstrakt. Der Georgia Ann Muldrow hire Solo-Jazz Ensembel ass konzentréiert an ureg. E Melange, deen et a sech huet.