Album vun der Woch Joint Venture

D’Rachel Xi Zhang an de Laurent Warnier spille mat Marimba a Vibraphone Stécker inspiréiert vum Maurice Ravel. Joint Venture ass méi wéi en Duo, esou de Manuel Ribeiro.

Joint Venture.JPG
© Sanja Harris

D’Rachel Xi Zhang an de Laurent Warnier sinn op der Bühn wéi och am Liewen eng Koppel. Op der Bühn bilden se de Perkussiounsduo “Joint Venture”.

De Maurice Ravel präägt den Duo. Wéi den Laurent Warnier ons sot, gehéiert de franséische Komponist zu senge léifste Komponisten. Den éischten Album vun Joint Venture steet och ënnert deem Motto. Den Titel vum Album deemno: "Ravel – Dances and Fairy Tales".

Dem Laurent Warnier no, sinn Marimba a Vibraphone déi interessantst Instrumenter, "well se e bëssen d’Qualitéiten vun aneren Instrumenter ofdecken."

E flotten Album vun Joint Venture mat Musek vum Ravel, bei deem s mer och de breede Spektrum vun den Instrumenter Marimba a Vibraphone a punkto Klang an Effekt kenneléieren. En Album den eis och d’Musek vum Ravel ënnert engem neie Liicht, Charme a Perfektioun nei entdecke léisst.

D’CD-Release gëtt de 6. Juli mat engem Concert am MUDAM gefeiert.

Den Interview vum Manuel Ribeiro mam Laurent Warnier:

Laurent Warnier

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Manuel Ribeiro
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen