Musikalesch Visttekaart De Rythmus mécht d'Musek

Drummer? Och! Jazzdrummer? Och! Einfach Museker, seet de Jeff Herr, deen d'musikalesch Playlëscht fir eng Stonn op d'Bee gesat huet.

Fred Medernach / po

Jeff Herr-4636.JPG

Mat senger aktueller Formatioun "Jeff Herr Corporation" ass de 36 Joer ale Museker éischter am Jazzberäich ënnerwee. Wat awer net heescht, datt hien nëmmen op dëse Genre steet. Schonns mam éischten Titel weist hien op den Afloss hinn, deen d’Beatles op seng spéider Carrière hunn. D’Fab Four sinn doheem vill gelaf, fir hien (Joergang 1980) war dat "aktuell Musek".

Fir de Jeff Herr huet besonnesch Radiohead d’Roll vun de Beatles iwwerholl andeems si net bannent de gängege Popgrenze bliwwe sinn. De Brel? Deen ass eréischt e puer Joer méi spéit bei him opgedaucht, zielt awer haut zu senge Favoritten. Den Jazzafloss kënnt speziell beim Donny McCaslin an Tom Sawyer zum Droen, de Funk – an domadder och de Rhythmus – beim Klassiker ‘Hard To Handle’.

A well de Jeff Herr och regelméisseg mat Rockkollegen optrëtt, op live oder am Studio, ass säi Choix fir QOSA eng logesch Saach.

Hei d'Lidder déi hien selektionnéiert huet a senger Fonktioun als Musekredakter als Invité beim Fred Medernach:
1. I Am The Walrus - The Beatles
2. Hard To Handle - Otis Redding
3. Go With The Flow - The Queens Of Stone Age
4. Pyramid Song - Radiohead
5. Chansons Sans Paroles - Jacques Brel
6. Fast Future - Donny McCaslin
7. Come Rain Come Shine - Chet Baker
8. Tom Sawyer - The Bad Plus
9. Love Me Or Leave Me - Billie Holiday

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Sascha Ley.JPG
Musikalesch Visittekaart

Als Schauspillerin, Sängerin, Songwriterin a Komponistin ass d'Sascha Ley op ville Bühnen doheem. Hir Playlëscht geet vu Lotte Lenya, iwwer Francesco Schlimé bis Abbey Lincoln a Prince.

nico helminger.JPG
Musikalesch Visitëkaart

De Schrëftsteller Nico Helminger ass ee Fan vun der Wiener Oper, dee grad sou gär op Rock- an Jazz-Concerten geet. An de Studio huet hie Blues, Jazz, Klassik an Nei Musek matbruecht.

Olivier Toth, Rockhal
Musikalesch Visitekaart

Wann den Direkter vun der Rockhal de musikalesche Programm vun der Emissioun zesummestellt, da kann et wuel nëmme rocken! Oder dach net?

Guy Daleiden.jpg
Musikalesch Visitekaart

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden ass e Fan vu Museker, déi eng Geschicht ze zielen hunn: Hannes Wader, Bob Dylan, Renaud a U2 dauchen a senger Playlëscht op.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen