Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ICMA-Awards: d'Gewënner si bekannt

Klassesch Musek

ICMA-Awards: d'Gewënner si bekannt

De Palmarès 2016 un den International Classical Music Awards ass elo bekannt. De radio 100,7 ass am Jury vum renomméierte Präis fir klassesch Musek vertueden. Och dëst Joer waren nees Musekerinnen a Museker vu Lëtzebuerg nominéiert.

Guy Engels / ys

auto_stories

4 min

D'Pianistin Cathy Krier war ënnert den nominéierte Lëtzebuerger Artisten © Delphine Jouandeau

D’International Classical Music Awards (ICMA) gi verdeelt vun engem Jury vu Museksjournalisten, déi fir Printmedien, Internetplattformen, d’Televisioun oder de Radio schaffen. An dësem Gremium vu 16 Fachleit ass Lëtzebuerg zweemol vertrueden: Duerch pizzicato.lu (de Chefredakter Remy Franck – och Mataarbechter vum 100,7 – ass de President vum Jury) an duerch de radio 100,7. Elo gouf de Palmarès vun de Lauréaten 2016 bekannt.

364 Nominatioune goufen et fir deen éischten Tour de Vote: Der Klassik-CD geet et also gutt. Well hannert dësen Nominatioune sti ganz vill nei Produktiounen, déi 2015 op de Marché koumen. Déi 16 Jurysmembere maachen aus de sëlleche Publikatiounen een éischte Choix, aus deem sech dann iwwer dräi Etappen déi spéider Gewënner erauskristalliséieren.

D'Nominatioun als Auszeechnung

Fir vill Kënschtler a Labelen ass schonn eleng eng Nominatioun bei den International Classical Music Awards (ICMA) eng Auszeechenung, déi si dann och prompt op hire Produiten an Internetsäiten affichéieren.

Fir d’Saach méi iwwersiichtlech ze gestalten a keng onpassend Vergläicher ze maachen, gëtt et bei den ICMA ënnerschiddlech Kategorien, je no Genre. Dat geet vun der aler Musek iwwert de Barock, d’Kammermusek, d’Symphonie an d’Oper bis bei déi zäitgenëssesch Musek.

Well och déi klassesch Musek net méi exklusiv nëmmen op CD als Support setzt, ginn och DVD-Produktiounen an de Sparte "Performance" an "Dokumentatioun" consideréiert.

Lëtzebuerg: Cathy Krier an Artemandoline

Regelméisseg si Lëtzebuerger Produktioune fir d’ICMA nominéiert. Fir 2016 waren et d’Cathy Krier an den Ensemble Artemandoline zesumme mat der Sopranistin Nuria Rial.

D’Cathy Krier, Rising Star fir d’Saison 2015/2016 vun der Associatioun vun den europäesche Concertssäll, hat fir hir CD (bei Cavi) mat Musek vu Berg, Schönberg, Zimmermann a Liszt an der Fachpress déi beschte Kritike krut. Et war iwwregens net déi éischte Kéier, datt d’Pianistin fir d’ICMA nominéiert ginn ass.

D’Rencontres musicales de la Vallée de l’Alzette, de Festival fir Renaissance- a Barockmusek, war den Ausgangspunkt fir d’Zesummenaarbecht vum Ensemble Artemandoline mat der spuenescher Sopranistin Nuria Rial. Do ass de Projet vun enger CD (bei Harmonia mundi) mat Barockarien ënnert dem Titel "Sospiri d’amanti" entstanen. Och dës Produktioun krut international grouss Opmierksamkeet.

Als Adoptiv-Lëtzebuerger dierf een de Pianist Cyprien Katsaris zielen, de laangjäregen Directeur artistique vum Iechternacher Festival. Hie gouf fir seng Compilatioun "111 Piano Hits" (Piano 21) nominéiert. De Josef Bulva, ee weidere Pianist mat enke Bezéiungen zu Lëtzebuerg, war mat Liszt-Wierker am Rennen (RCA), déi hien mam fréieren RTL-Orchester enregistréiert hat.

15 Gewënner

Vun deenen 364 Nominatiounen gëtt et no dräi Ofstëmmungsronne 15 Gewënner. Hei sinn der puer erausgepickt:

  • An der Kategorie "Symphonie" hu sech d’Berliner Philharmoniker an de Simon Rattle mat der Intégrale vun de Sibelius-Symphonien duerchgesat. 
  • Déi bescht DVD-Performance huet de Gewandhaus-Orchester vu Leipzig ënnert dem Riccardo Chailly mam Gustav Mahler senger 7. Symphonie geliwwert.
  • An der Kategorie „Best Collection“ geet de Palmarès un de Jordi Savall a seng Ensemblen fir den Album „Guerre et Paix“.

Dernieft vergëtt de Jury och nach eng Rëtsch Spezialpräisser:

  • De Präis fir d’Liewenswierk, deen d’Sopranistin Felicity Lott kritt.
  • Artist of the Year ass den Trombonist, Dirigent a Komponist Christian Lindberg.
  • Young Artist gouf den Cellist Pablo Ferrandez.
  • Den Discovery Award kritt de Flüttist Nikolai Song.

Déi ganz Lëscht vun den Nominatiounen an d’Gewënner fënnt een op www.icma-info.com