Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ice In My Eyes - New Romantic

Album vun der Woch

Ice In My Eyes - New Romantic

Déi nei Plack vun der Lëtzebuerger Formatioun "Ice In My Eyes" liwwert agängeg Refrainen a kierperlech Rhythmen fir spéit bis an d'Nuecht ofzerocken. Mat Stuerm an Drang zitt d'Quintett een zeréck an d'80er.

auto_stories

2 min

"E Pop gedriwwent Hookline Krichschëff" - esou gëtt engem den neien "Ice In My Eyes" Album am Presse-Communiqué verkaf. Eng Beschreiwung, déi sech beim lauschteren och iergendwéi verwierklecht.

Mat Stuerm an Drang zitt d'Quintett een zeréck an d'80er an invitéiert dobäi op eng ganz melodiés a maximalistesch Pop-Experienz, déi een net kal léisst. D'Band, déi zanter 2012 ënnerwee ass hëllt déi Kéier méi aus a gëtt hiren agängege Kompositioune méi Déift a méi Opulenz.

Eng Panoplie vun Elementer

U séisse syntheteschen Kläng gouf net gespuert. Déi analog Apparater pompelen a pulséieren, d'Bäss ginn déif an de Bauch, eng schaarf Gittar schléngelt sech melodiéis doruechter an op e puer Stécker kommen engem esouguer Sträicher am Mix entgéint. Eng Panoplie vun Elementer déi dense an dach kohärent cohabitéieren.

"New Romantic" gouf wéi virrecht "Ice In My Eyes" Releasen vum däitsche Museker Jan Kerscher opgeholl a produzéiert. D'Arbecht kléngt fokusséiert a präzis, gedriwwe vun epeschen Refrainen, déi op "Bye", "Chromosome" oder "Arpeggiator" esouguer Stadiumrock-Alluren unhuelen, a laang nom lauschteren am Kapp hänke bleiwen.

E bëssen New Wave, e bëssen Robert Smith

"New Romantic" ass en Titel, dee mat enger Prise Ironie ze genéissen ass. Et kann een natierlech e Verglach mat musikalesche Synth-Pop New Wave Mouvementer aus den 80er zéien. Mee mam Geschminks an der ganzer Fues-Verkleedung huet "Ice In My Eyes" definitiv näischt um Hutt.

Dat gesot sinn déi néng Lidder an hirer Essenz zimmlech glamouréis a gezéckert. Zemools dem Olivier Treinen seng Vocal-Performance dréit eppes vu Robert Smith, David Bowie, awer och David Sylvian. Seng Gesangsmelodien fléien engem mol fléissend, mol méi rhythmesch aventuréis an d'Ouer.

Vun intensiv op besënnlech gëtt vill Terrain gedeckt. Dat Ganzt ënnerstëtzt vun enger dynamescher Band-Performance, déi zur Beweegung opfuerdert. "Ice In My Eyes" sinn op alle Fall keng statesch Band. Si hunn hiren musikaleschen Horizont erweidert a liwwere mat "New Romantic" e kierperleche Pop Opus, deen an dëse Pandemie Transitiounszäiten méi wéi wëllkomm ass.