Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Flamingods - Tall Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Stonn bal Normalitéit iwwert de Gesang

Integratioun

Eng Stonn bal Normalitéit iwwert de Gesang

De Kanner- a Jugendchouer Heemelsdéiercher vum Lampertsbierg léisst Flüchtlingskanner aus dem Foyer Lily Unden mat sangen. Déi éischt Kontakter schénge ganz positiv verlaf ze sinn. Lidder kenne keng Grenzen, ënnersträichen déi Responsabel.

Cléo Thoma, md

auto_stories

6 min

Als Asyldemandeur drop ze waarden, wat mat engem sengem Dossier geschitt, ass keng garantéiert Perspektiv op ee Neiufank. Dofir huet ee vill Zäit fir sech Gedanken a Suergen ze maachen. Ëmmerhin engagéiere sech an Tëschenzäit vill Privatleit, déi mat Réfugiéë Kontakt ophuelen an hir Integratioun hëllefen ze fërderen. Beim Kanner- a Jugendchouer Heemelsdéiercher vum Lampertsbierg, zum Beispill, kommen zënter e puer Wochen eng Rei jonk Sänger a Sängerinnen, deels mat hiren Elteren, mat an d’Prouwen. Do sange se mat, déi eng e bësse méi verhalen, déi aner awer scho mat Feieräifer.

“Et huet een eng immens Onsécherheet gespuert bei deene Kanner”, seet d’Nicole Boulmont, eng vun den Dirigentinne vum Kannerchouer. “Si wollten d’Jackette net ausdoen, hu sech bei d’Mamm gesat a sech net getraut, d’Plaz ze wiesselen, oder iergend eppes mat ze maachen”. Lues a lues hätt een awer festgestallt, datt d’Kanner sech wuel fillen.

Repertoire dem Alter ugepasst

Fir de Maurice Bauer, President vun der Chorale, géif et kee bessere Moyen fir d’Integratioun vun de Kanner gi wéi ze probéieren, se an den eenzelne Clibb mat anzebannen. Souwäit dat sproochlech an zäitlech méiglech wier. “D’Sprooch respektiv d’Lidder hu keng Grenzen”.

All Kand ka sangen. An och wann ee bis dohi mat enger ganz anerer Sprooch opgewuess ass: mat aneren zesummen ze sangen ass net schwéier. “Mir hu probéiert eise Repertoire ganz liicht unzepassen”, erkläert d’Dirigentin Maryse Pauly. “Fir déi kleng Kanner hu mer e Repertoire, deen e wéineg mat Nonsens-Texter ass, Wierder, déi witzeg kléngen.” Dat géif bei all de Kanner, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, gutt ukommen. A wéinstens d’Bewegungen, déi bei d’Lidder passen, géifen d’Kanner ganz liicht matmaachen.

“Mir sinn um richtege Wee”

Eng 15 Flüchtlingskanner bedeelege sech zënter e puer Woche un de Gesangsprouwe vun deene méi Groussen, de Grondschoulkanner. “Och d’Eltere maache mat”, sou d’Nicole Boulmont. Wéi beispillsweis dës Fra, “déi huet ëmmer esou en trauregen Ausdrock gehat. Déi lescht Woch huet déi hei alles matgemaach a gestraalt iwwert dat ganzt Gesiicht! Ech fannen, dat sinn och Saache wou ee sech seet: mir sinn um richtege Wee.”

Fënnef Kanner aus dem Foyer Lily Unden hu sech dem Grupp vu Spillschoulskanner, also deene Klengen Heemelsdéiercher ugeschloss. Relativ wéineg géigeniwwer deene 45, déi de Rescht vum Grupp ausmaachen. Wuel sinn déi Flüchtlingskanner just provisoresch am Foyer Lily Unden. Si mussen ofwaarden, wou se no dëser Iwwergangszäit higeschéckt ginn. Se sinn awer scolariséiert, ënnersträicht d’Maryse Pauly.

“Hei sange Kanner däitsch Lidder mat, déi kee Wuert Däitsch schwätzen”

“Wa mer si hei an déi Prouwe komme loossen, dann ass dat fir eng Stonn e Moment vun Normalitéit… bal. Fir eis ass et esou einfach fir dat ze maachen”. Déi meeschten Eltere vun de Choralskanner géifen d’Iddi ganz flott fannen, sou de Maurice Bauer. “All Mënsch ass sech bewosst, wat déi Kanner scho matgemaach hunn”.

Flott un der Initiative vum Kanner- a Jugendchouer ass, datt d’Flüchtlingskanner bedeelegt ginn. Dovunner hu se vill méi, wéi wann d’Heemelsdéiercher eng Kéier fir si an de Foyer sange komm wieren. Leeft de Projet eventuell op e gemeinsame Concert eraus? “Da muss een natierlech sécher sinn, datt d’Kanner, déi an de Prouwe waren, och kënnen dobäi sinn”, fënnt d’Maryse Pauly. An den Ae vum Maurice Bauer wier esou eppes “en immensen Erfolleg”, a sief et nëmme fir d’Efforte vun de Kanner ze weisen: “Hei sange Kanner däitsch Lidder mat, déi kee Wuert Däitsch schwätzen. All Kand, dat mat engem Laache fortgeet, ass en Erfolleg.”