Blues Made in Luxembourg Heavy Petrol rullen dat lescht Faass erbäi

Eigentlech wollten Heavy Petrol leschte Samschdeg hiren neien Album "The Last Barrel" an der Kulturfabrik virstellen. Doraus gouf näischt. E Méindeg kënnt d'Scheif digital eraus, an et kann een de Vinyl online direkt bei de Museker bestellen.

Yves Stephany

Heavy Petrol

Déi sozial Reseaue gi momentan vun engem renge Promotiounsoutil fir Museker zu där Plattform, op där d'Kreatioun gewisen an och direkt verkaaft gëtt. "Mir hunn e Shop op Facebook gemaach, wou d'Leit sech kënne mellen, wa si gäre CDen, Vinylen oder T-Shirten hätten", seet de Steve Richer. Hien ass zanter 2013 Gittarist bei Heavy Petrol.

"The Last Barrel" wier e perséinlechen Disk. "Et si vill Geschichte vum [Sänger] Woody sengem Liewen dran. Wéi zum Beispill 'Rock N Roll Rebel', dat erzielt säi Werdegang als Stroossemuseker."

Niewent dem Titeltrack, wou et ëm déi lescht Drëps Ueleg op der Welt geet, géif een um Album och eng Reprise vu "Saturday Night" vum Herman Brood fannen, seet de Steve Richer. Den Album wier villsäiteg mat Aflëss aus Funk, Desert Rock a Rock 'n' Roll. "Mir probéieren de Blues ëmmer bëssen anescht eriwwer ze bréngen, wéi déi traditionell Blues Bands."

Sou wéi all Mënsch, wier hie momentan doheem, seet de Steve Richer. D'Band wier och weider aktiv, an et géif kreativ un neien Iddie geschafft ginn. "Mir hunn eng App, wou mir eis Saache ronderëm schécken."

An der Mediathéik:

Backstage / / Mike Tock
Lauschteren

Méi zum Thema

Them Lights & Ryvage Exklusiv
Premiere: Rework vu Yesterday

Düster a kal Synthesizerkläng wéckelen eng fragil Stëmm an, am neie Ryvage Rework vu Yesterday vun Them Lights. Et geet ëm Dämonen aus der Vergaangenheet. Lauschtert den Track exklusiv um radio 100,7.

TUYS
Tuys sinn (endlech) nees do

"A Curtain Call for Dreamers" heescht den EP vun Tuys, deen a fënnef Deeler erauskënnt. Déi éischt Single "Papaya" versprécht eng opreegend Rees. E Gespréich iwwer Inkoherenz a Selbstkritik.

Schlofardi
Schlofardi

Wéinst dem Coronavirus gëtt a modesten Home Studios geknéchelt, live-gestreamt an online collaboréiert. Dorënner och e verschlofene Pol Belardi, deen elo am Fréijoer als verjazzte Beatmaker opblitt.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen