Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Happy sad

Nick Drake - Brayter Layter

Happy sad

Just emol dräi Albume sollt den Englänner Nick Drake a senger kuerzer Karriär produzéieren. Hie stierft am November 1974 mat 26 Joer un enger Iwwerdosis Anti-Depressiva. Op sengem zweete Wierk mécht hien 1971 d'Diere grouss op fir de Genre Songwriting.

auto_stories

6 min

Den Nick Drake, Gittarist a Sänger, Komponist a Poet - mee dat am léifsten net am Scheinwerferliicht, ouni Interviewen a Fotografen, éischter roueg am Studio, och do eleng mat sech, senge Lidder an e puer Frënn, déi hie begleeden, musikalesch, oder fir d'Produktioun.

Déi si meeschtens ouni Overdubbing an technesch Extraen - de Sound, trotz aller perséinlecher Problemer an Déiften, waarm, mat vill feinem Gefill a mat enger Ambiance, där ee sech schwéier entzéie kann.

Eleng mat Kolleegen

"Bryter Layter" ass den zweeten Album vum Englänner, alles Eegekompositiounen. D'Studioopname sinn am Hierscht/Wanter 1970, d'LP kënnt de 6. Mäerz 1971 um Label Island Record eraus. Den Titel huet den Drake bei der BBC ofgelauschtert, bei där hirer Meteo gouf den Ausdrock dacks gebraucht, brighter later, also méi spéit am Dag wäert d'Wierder besser ginn.

Nodeems den Nick Drake scho bei sengem Debut "Five Leaves Left" op Museker aus der englescher Folkzeen zeréckgegraff huet, sinn och op dësem Wierk Gäscht aus dësem Beräich mat am Studio, an der Haaptsaach Museker vu Fairport Convention (ë. a. de Richard Thompson an den Dave Pegg, spéider bei Jethro Tull), déi mat Traditioun a Folk zu där Zäit immens erfollegräich sinn. Gutt Bekannter deemno, déi och vum musikalesche Genre hier passen.

Ëmsou méi iwwerraschend si weider Nimm, déi am Studio zu London derbäi sinn: den John Cale vu Velvet Underground wierkt bei zwee Stécker mat, och zwee Museker aus der Studioband vun de Beach Boys mësche mat, de Pianist Chris McGregor an de südafrikanesche Saxophonist/Flüttist Ray Warleigh kommen aus dem Jazz. Net onbedéngt Gäscht, déi ee bei engem Songwriter erwaart.

Gutt encadréiert

Mam Robert Kirby gräift den Nick Drake dann erëm op e confirméierte Mataarbechter vum Debutalbum zeréck: de Kirby ass fir d'Arrangementer an d'Straicher zoustänneg, fir d'Kombinatioun vu Folk a Kammermusek, déi déi zwou éischt LPe vum Drake auszeechnen. Kuckt een dann nach op vereenzelt Asätz a ganz digest Jazzsphären (wéi a "Poor Boy" an "At The Chime Of A City Clock") oder op den Asazaart vun Cembalo, Braatsch an Uergel (dem Cale säi Beitrag), esou kann ee scho behaapten, datt den Nick Drake näischt vun der Staang ofliwwert. Recherche ass a senger Aarbecht zerguttst vertrueden, e Purist ass hie sécherlech net.

"Bryter Layter" vum Nick Drake gëtt esou zu engem Songwriter-Album vollgepaakt mat Schéinheet, mat vill Gefill a Gefiller, mat awer och dem Schied vum Museker sengen Depressiounen, déi schonn am Ufank vu senger kuerzer Karriär d'Sonn an den Eck drécken - och wann déi do ass, mee sech just sträppweis duerchsetze kann. Dat gëllt generell fir d'Aarbechte vum Nick Drake, egal ob mat gréisserem Opwand produzéiert - dat ass de Fall fir d'Albumen eent an zwee - oder méi schlicht, spuersam a scho bal spartanesch gehalen (wéi den drëtten a leschten Album "Pink Moon" 1972).

Melancholie a romantesch Verspilltheet si Begrëffer, déi een dacks a Saachen Nick Drake héiert. Et ass net esou, datt hien terribel vill Verschiddenes op engem Album proposéiert, gedroe gëtt de Release ëmmer vu senger waarmer Stëmm an hie bréngt et fäerdeg, eng Atmosphär ze schafen, eng Stëmmung, déi ee séier a Beschlag hëlt. "Quiet, gentle and relaxing", esou d'Beschreiwung vum Album am englesche Magazin Melody Maker, am Disc And Record Mirror heescht et: "happy sad, very moving".

Et muss allerdéngs net ëmmer mat Stëmm sinn: och Instrumentales ass um Album vertrueden. Et brauch een eben heiansdo keng Wierder, fir sech auszedrécken.

Méi wéi Gittar a Stëmm

Wat mécht ënner dem Stréch de Charme aus vum Nick Drake senger Musek? Op jiddwer Fall ass hien ee vun de wéinege Vertrieder am Beräich Songwriting, dee sech an där Zäit iwwer de Klischee vum Genre ewechsetzt: dee vum Eenzelkämpfer op der dréchener Gittar, allerhéchstens dezent vun e puer, meeschtens akusteschen, Instrumenter begleet - quitt datt et op sengem drëtten a leschten Album an déi Richtung wäert goen.

Den Nick Drake spillt op sengen zwee éischte Wierker vill Trëmp aus: feinen an elegante Songwriting, mat enger filigraner Gittarentechnik an enger waarmer Stëmm virgedroen, dann dat onerwaart sech-Begéine vu Sträicherarrangementer mat Säitepicking an Jazzelementer, de Match tëschent Liewensfreed an dem Museker sengen Depressiounen, eng Zort morbid-romantesch Faszinatioun, déi vun him ausgeet. Warscheinlech vun allem e bëssen, an alles zesummen.

Mee trotz gudde Kriticken an der Fachpress verkafen dem Museker seng Placke sech kaum. De kommerzielle Mësserfolleg vun den dräi Albumen, déi hien erausgëtt, huet sécherlech zu sengen Depressioune bäigedroen. Vun den dräi LPe gi just emol jeeweils eng 5.000 Exemplairen iwwer d'Théik. Scho mat 24 Joer zitt hie sech aus dem ëffentleche Liewen zeréck, geet nees bei seng Elteren op d'Land wunnen, meit Mikroen, Kameraen an Tounstudioen.

Posthum Unerkennung

D'Unerkennung fir den Nick Drake a seng dräi Albume kënnt net zäitliewens, dofir ëmsou méi no sengem fréien Doud mat 26 Joer.

Dësen Ëmschwong trëtt Enn den Nonzeger/Ufanks 2000 an, wou seng dräi Wierker an iwwerschaffter Versioun (remastered) nach emol op de Maart koumen. Et reent Stären a Luef, VW benotzt den Titelsong vum Album "Pink Moon" fir säi Cabriolet ze pushen, de Brad Pitt moderéiert eng BBC-Erënnerungsemissioun un de Museker. D'Ventë jauwen deementspriechend an d'Luucht. Eng spéit Unerkennung, awer ëmmerhin. Den New Musical Express klasséiert "Bryter Layter" als Album Nummer 14 vum ganze 70er Joerzéngt, fir Q ass et d'Nummer 26 vun den 100 Greatest British Albums Ever.

Undeel dorunner huet och de Produzent Joe Boyd, deen de Museker virsiichteg upéckt, net brüskéiert, op hien ageet an hie begleet, ouni hien allze vill ze steieren. Exemplaresch. An deen och fir d'Ëmklamme vum méi opulenten op de méi sprocken an dach faszinéierende Sound verantwortlech ass, deen ee vum Museker wäert um Album Nummer dräi héieren.

Den Nick Drake gëtt net méi eens mam Liewen a stierft de 25. November 1974 mat 26 Joer. Seng dräi Albume sinn onbedéngt lauschterenswäert. 2014 huet seng Schwëster Gabrielle Drake hirem Brudder säi Liewen am Buch "Remembered For A While" festgehalen.