Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Als éischt den Text, dann d'Musek

Musikalesch Visitekaart

Als éischt den Text, dann d'Musek

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden ass e Fan vu Museker, déi eng Geschicht ze zielen hunn: Hannes Wader, Bob Dylan, Renaud a U2 dauchen a senger Playlëscht op.

auto_stories

4 min

Guy Daleiden

Wat kënnt als éischt, d'Musek oder den Text? Déi Fro beäntwert de Guy Daleiden (Joergank 1963) mat engem klore Bekenntnis zum Text als Prioritéit, dofir och eng Virléift fir Hannes Wader, Wolf Biermann oder Georg Danzer. Hien huet an Däitschland Geschicht studéiert, an enger Zäit wou d’Liedermacher Héichkonjunktur haten. Schléit d’Häerz vum DP-Politiker do dach eng Grëtz méi lénks? "Ech gesi mech als lénks-liberal", sou d'Äntwert.

Politesch Musek

Begeeschtere kann hie sech och fir de Bob Dylan. Eng Textanalys vum Dylan-Klassiker "Hurricane" a senger Lycées-Zäit war den Déclic heifir. E klore Statement: Kënschtler, aus wéi enger Spart och ëmmer, sollen hir Popularitéit benotzen, fir kloer Positioun zu Mëssstänn ze bezéien, fir sech z’engagéieren.

Kee Wonner deemno, dass och de Bono an de Renaud op senger Playlëscht opdauchen. U2? Dëse Choix huet en zousätzleche Grond: Irland ass fir de Guy Daleiden eng Destinatioun, wou et hien ëmmer erëm hinzitt. Als Student huet hie seng éischt Vakanz ouni d’Elteren op der grénger Insel verbruecht. Och déi beweegt Geschicht tëscht Irland an England interesséiert hien. Als fréiere Geschichtsstudent suivéiert hien am Moment d’Commemoratioun ëm d’Événementer vun 1916 - de Kampf fir Onofhängegkeet - mat besonneschem Interessi.

De Guy Daleiden ass Papp vun zwee Meedercher. Do kënnt et musikalesch zu Diskussiounen. "Mäi Goût ass net hiren", schmunzelt hien, "knapps si mir fënnef Minutten am Auto a schonns funktionnéiert eise Kompromëss. Si hunn dann de Knapp am Ouer a lauschteren Hires." Hie gesäit sech net als strenge Papp an huet "fir seng Meedercher" och Kygo mat hirem Hit "Fragile" programméiert.

De Klang vum Lëtzebuerger Film

Natierlech daucht och Filmmusek a senger Programmatioun op: "Twist a Luxembourg", aus dem Andy Bausch sengem "A Wopbobaloobop a Lopbamboom" vun 1989 gesäit de Guy Daleiden net nëmmen als Erënnerung an Hommage un den Interpret Thierry van Werveke. Hien verbënnt domadder en allgemenge Luef un d’Lëtzebuerger Kulturzeen.

Och en Titel vum Lucio Dalla ass enk mat der Lëtzebuerger Kinoswelt verbonnen. Den Italiener sollt Musek fir eng Produktioun vun hei komponéieren, de Rendez-Vous war schonns ofgemaach, mee den Dalla ass kuerz virdrun onerwaart gestuerwen. "Deen hätt ech gär kennegeléiert", bedauert de Guy Daleiden, "dat hätt kënnen eng immens flott Kollaboratioun ginn".

Wéi dacks geet hien a senger Funktioun als Direkter vum Filmfong an de Kino? "Net esou dacks wéi ech wéilt", stellt hie fest. Den éiwege Problem mat der Zäit där een ni genuch hätt. Dofir leet hie regelméisseg doheem eng DVD an. A wëll et dee Problem mat der Zäit och an enger Radiosemissioun vun enger Stonn gëtt, siefen nach e puer weider Titele verroden, déi aus Zäitgrënn net zum Asaz koumen: "Against The Wind" vum Bob Seger, "You Angel You" vu Manfred Mann’s Earthband oder den Deep Purple-Klassiker "Child In Time".