Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grover Washington Jr. - Just The Two Of Us (Feat. Bill Withers)

Sample vun der Woch

Grover Washington Jr. - Just The Two Of Us (Feat. Bill Withers)

1981 bréngt ee vun de bekanntsten Jazz-Saxophon-Spiller vun der Welt a Grënner vun der Smooth Jazz Branche dëst Lidd eraus. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich nom Sample gemaach.

auto_stories

2 min

De Grover Washington Jr. ass 1943 zu Buffalo gebuer an huet mat aacht Joer ugefaange Saxophon ze spillen, vu sengem Papp geléiert. An der Arméi léiert hien den Drummer Billy Copham kennen, deen him och aner Jazz-Museker virgestallt huet. Säin éischte Solo Album "Inner City Blues" war 1972 e groussen Succès.

Mat sengem Album "Winelight" 1981 huet hie säin Easy-Listening-Sound richteg als Industrie-Standard etabléiert. "Just The Two Of Us" gëtt den Hit vum Summer 1981. Et ass ee vun den eenzege Lidder vun dësem Album, dat an engem klassesche Pop-Format geschriwwen ass. Déi onverkennbarer Stëmm vum Bill Withers trëfft hei op en Uptempo-Beat. Si gewannen och 1981 de Grammy-Award fir dee beschten R&B Song. De Grover Washington Jr. stierft plëtzlech am Joer 1999. Hie gouf just 56 Joer al.

Smif-N-Wessun hunn de Washington gesampelt fir de Remix vun hirem Lidd "Wrekonize". Dat war op hirer "Wreckonize EP" vun 1995.

De Rapper Tek an de Steele aka Cocoa Brovaz si vun der Boot Camp Klick. Si benotzen de Sample fir e Remix vun engem Lidd op hirem éischten Album "Dah Shinin", dee virun e bësse méi wei 25 Joer erauskoum. Déi richteg Stare vun dësem Album sinn hir Produzenten: d'Beatminers. Si samplen hei déi puer éischt Sekonne vum Fender Rhodes Piano um Ufank vum Lidd.

Funkdoobiest hunn de Sample och benotzt fir hiren "The Anthem" (Feat. LC Johnson & William J. Mendoza). Dat war op hirem drëtten Album "The Troubleshooters" vun 1998. Funkdoobiest sinn eng latin Hip-Hop-Grupp vu Los Angeles. Aus "Just The Two Of Us" maache si hei "It's Funkdoobiest".

De Washington gouf och fir "Blak Luv" gesampelt vum Rapper Jeru The Damaja. Dat war op sengem drëtten Album "Heroz4Hire" am Joer 99. D'Produktioun ass vum Jeru selwer, an net vum DJ Premier, wéi op sengen éischten zwee Albumen. Hien huet dat Ganzt op sengem eegene Label erausbruecht, an zwar Knowsavage.

Dancehall Queen Patra benotzt de Sample op hirem Lidd "Banana" och. An zwar op hirem zweeten Album "Scent Of Attraction" vun 1995. D'Patra ass 1972 zu Kingston, Jamaica gebuer. Si liwwert hei eng explosiv Mëschung aus R'N'B an Dancehall.