CD-Tipp Grëffege Beethoven

Um Sunwook Kim senger neier CD mat de Sonaten Nr 21 op. 53 „Waldstein“ an Nr 29 op. 106 „Hammerklavier“ ass vill vum Beethoven sengem onrouege Charakter ze spieren. Plazeweis titanesk an dämonesch, gréisstendeels ausgeglachen.

Kim.jpg

Op ville Portraite vum Ludwig van Beethoven gesäit een de Komponist mat enger däischterer, granzeger, rebellescher Minn. Ee Museker, deen et am Liewen net einfach hat, deen a stänneger Oppositioun mam Schicksal war, dat ëm säi wichtegst Instrument geholl hat: d’Gehéier.

Wann een de Pianist Sunwook Kim héiert Beethoven spillen, da kommen engem op der Dot all déi Associatiounen an d’Kopp. Op senger neier CD mat de Sonate Nr 21 op. 53 „Waldstein“ an Nr 29 op. 106 „Hammerklavier“ ass vill vum Beethoven sengem onrouege Charakter ze spieren. Un Erfahrung mat Beethoven fehlt et dem Museker net. En huet scho mat sengem Landsmann Myung-Whun Chung de 5. Concerto fir Deutsche Grammophon opgeholl.

Plazeweis titanesk an dämonesch, am grousse Ganzen ausgeglach

Am Alter vun 18 Joer hat de Koreaner d‘Leeds International Piano Competition gewonnen. Zënter 2006 ass hien op de grousse Concertsbühnen ënnerwee. Néng Joer huet et awer gedauert, éier de Kim sech un dem Beethoven seng Sonate gewot huet. Eng gutt Decisioun!

Esou gutt d‘“Waldstein“-Sonate wéi och déi komplex „Hammerklavier“-Sonate stieche voller Energie, voller Vitalitéit, voller Leidenschaft. Déi verkniwwelt a komplizéiert Fuge spillt de Sunwook Kim ganz transparent, kloer a präzis. An och wann d’Musek plazeweis titanesk an dämonesch Dimensioune kritt, gëtt een ni dervun erschloen oder iwwerrannt. De Sunwook Kim fënnt ëmmer eng gutt Balance tëscht de faustesche Sequenzen an de lyresche Passagen, wou d’Musek eenzock ganz intim, reng a sensibel gëtt.

Sunwook Kim. Beethoven Piano Sonatas, Accentus, ACC30355

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen