Radioen

On air

Resonanzen  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Leyers Laureat bei internationalem Uergelconcours

Pierre de Manchicourt

Gilles Leyers Laureat bei internationalem Uergelconcours

Den 1. an zweeten 2. Oktober 2020 huet de Gilles Leyers beim internationalen Uergelconcours "Pierre de Manchicourt" an zwou Finallen all Kéiers den zweete Präis gewonnen. Domat huet hie sech géint Kandidaten aus Däitschland, Japan a Frankräich duerchgesat a konnt de Jury an de Kategorien "Musique française" a "Musique symphonique" iwwerzeegen.

auto_stories

2 min

Gilles Leyers

"Mam Resultat sinn ech onheemlech zefridden," seet de Gilles Leyers, nodeems hie knapp zwielef Stonnen nees zu Lëtzebuerg ass. Den éischten an den zweeten Oktober 2020 huet den Organist an zwou vun den dräi Finalle beim 8. internationalen Uergelconcours "Pierre de Manchicourt" participéiert an all Kéiers den zweete Präis gewonnen.

"Ech hat net domat gerechent. Bei der éischter Finall [...] war et effektiv esou, datt ech zefridde war mat mengem Spill, ech war dunn awer trotzdeem iwwerrascht, wou ech den zweete Präis kritt hunn."

No der zweeter Finall wier de Gilles Leyers immens enttäuscht gewiescht, well hien net déi Leeschtung bruecht hätt, déi hie vu sech erwaart hätt. Nom Optrëtt hätt hie sech dofir fir d'éischt e bëssen zeréckgezunn. Ëm esou méi grouss waren dunn d'Iwwerraschung an d'Freed, wou hien trotzdeem den zweete Präis krut.


Interview mam Gilles Leyersplay_arrow


Eng nei Vue

Ugetrueden ass de Gilles Leyers an de Kategorien "Musique française" a "Musique symphonique". Dëst sinn zwee Beräicher an deenen den Organist virum Concours net vu sech iwwerzeegt war. Mëttlerweil hätt sech duerch de Concours d'Vue op sech selwer awer geännert. Et hätt ee munchmol eng falsch Siicht op sech an op d'Saachen.

"[Ech] hu bei dësem Concours geléiert fir do e méi wäit gefächerte Bléck op d'Saachen ze hunn a Saache vläicht net ze vill enk ze gesinn, déi eigentlech guer net esou enk ze gesi sinn."

Ass nom Concours virum Concours?

"Ech denken, dat dote war et," seet de Gilles Leyers mat engem Laachen. Et wier eng immens flott Erfarung gewiescht déi hien weider bruecht hätt, trotzdeem wier hie mëttlerweil an engem Alter, wou et och géif Spaass maachen, säi Wëssen u Schüler weider ze ginn. Well hien awer e kompetitive Mënsch wier, géif de Gilles Leyers et awer net ganz ausschléissen nees un engem Concours ze participéieren.

"Zwielef Stonnen nodeems ech zeréck komm sinn, denken ech, sinn elo emol frou fir e bësse Paus ze maachen."


Béid Finalle vum lëtzebuergeschen Organist goufe gefilmt a kënnen online gekuckt ginn:

Finall Auxi-le-Château

Finall Saint-Omer