Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gespréich mat der Sopranistin Barbara Frittoli

Oper

Gespréich mat der Sopranistin Barbara Frittoli

D'Associatioun "Nei Stëmmen" organiséiert regelméisseg Meeschtercourse fir jonk Sänger a Sängerinnen aus aller Welt, déi vu renomméierte Kënschtler geleet ginn. Dës Kéier ass et déi italienesch Sopranistin Barbara Frittoli, Member vum Ensemble vun der Wiener Staatsoper, déi d’Nowuesstalenter betreit. De Guy Engels huet sech mat der Barbara Frittoli ënnerhalen

auto_stories

3 min

D'Barbara Fritoli als Elisabeth (©Marty Sohl/Metropolitan Opera)

Am ArcA zu Bartreng héiert een den Ament virun allem Dammestëmmen. Och bei den Aschreiwunge sinn d’Männer däitlech an der Minoritéit. Fir d’Barbara Frittoli ass dat keng Iwwerraschung, d’Männer géifen natierlech éischter bei ee Bariton oder een Tenor studéiere goen. Geübt gi just Operen, ëmmerhinn sollen d’Studente vun den Erfahrunge profitéieren, déi hir Prof als Member vum Ensemble vun der Wiener Staatsoper a regelméissege Gaascht op aneren internationale Bühne gemaach huet.

D'Participanten un de Meeschtercourse vun „Nei Stëmmen“ komme scho mat enger quasi ofgeschlossener Ausbildung. Deen een oder aneren huet emol schonn e bësse berufflech Erfahrung gesammelt. D’Barbara Frittoli geet duerfir an hire Coursë manner op déi reng technesch Aspekter vum Sangen an, op Froe vun der Haltung oder der Ootmung. Et gëtt an éischter Linn un der Interpretatioun geschafft, un der Präsenz op der Bühn an um Verkierpere vun enger Roll. Fir d'Barbara Frittoli ass et besonnesch wichteg, d’Bedeitung vun de Wieder richteg ze betounen.

D'Tugende vum Gesang-Studium

Bei de Coursë maache jonk Sänger mat, déi nach hiert Fach sichen an de Charakter vun hirer Stëmm entdecken. Heiansdo muss ee Sänger dann nach an enger aner Richtung orientéiert ginn. Zwee Sätz vun enger Arie ginn der Barabara Frittoli duer, fir ze héieren ob eng Stëmm bei d’Musek passt, ob se dee richtege Charakter, dee richtege Klang huet.

D’Museksgeschäft dréint haut immens séier. Carrièrë gi schëtzeg gemaach, sinn awer och grad esou séier nees um Enn. Do hunn jonk Sänger wéineg Zäit sech ze entwéckelen. Trotzdem réit déi italienesch Sängerin, fir sech Zäit ze huele fir ze studéieren. An et misst ee bescheide bleiwen - "eng Eegeschaft, déi haut besonnesch feelt. Jonk Sänger mengen oft, si wéisste schonn alles."

Eng gedëlleg, mee wibbeleg Sängerin

Si selwer wier gedëlleg a bescheiden gewiescht, seet d'Barabara Frittoli. Mee och an hirer Ausbildung gouf et eng Ëm-Orientéierung, well si ugangs léiwer wollt Pianistin ginn. Allerdéngs war si net gutt genuch um Instrument, "well ech musikalesch Iddien an der Kopp hat, déi ech net ëmgesat krut. Enges Daags krut ech geroden, um Conservatoire virzesangen. Ech wollt net - an elo sinn ech hei."

Vun den Dirigenten a Regisseuren erwaart d'Sängerin, datt se wësse mat wéi enger Stëmm se et ze dinn hunn an sech dorobber aloossen: "Ech sangen am Ablack a 'Simone Boccanegra'. De Regisseur hat fir eng viregt Produktioun vun der Verdi-Oper eng roueg Sopranistin, wat net mäi Fall ass. Ech bougéiere gären op der Bühn."

Nom Ofschlossconcert vun dëse Meeschtercoursen de 4. November am Stater Conservatoire geet et fir d'Sopranistin weider op d’MET op New York fir d’Bohème a kuerz drop "I Pagliacci".