Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ George Duke - Dream On

Sample vun der Woch

George Duke - Dream On

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Den George Duke ass en amerikanesche Keyboard Spiller, Komponist a Singer-Songwriter, deen iwwert 30 Albumen erausbruecht huet. Hien ass bekannt fir seng Jazz- an Funk-Fusiounen Enn vun de 70er Joren. Säi populäre Succès huet him deemools souguer erméiglecht ganz Stadien ze fëllen. An den 80er huet hie säin Succès bestätegt duerch eng Rei Kollaboratiounen a Solo-Projeten, wéi zum Beispill "Dream On", en Album, deen 1982 erauskoum. Dat war säi 16. vu sengen 30. Hie gouf spéider souguer e bësse vu seriöen Jazz-Kritiker gesnobed; hie géif ze vill mat Experimentatioun spillen - hie baut nämlech Deeler vu Funk, Soul oder souguer Disko a säin Jazz an. Dat heite Lidd ass relativ ënnergaangen an der Mass vu senge Releasen.

... Bis zum Joer 2007, wéi de Kanye West dat Lidd erëm ausgegruewen huet. An zwar fir dem Common säin "Break My Heart" ze bauen. Dat war um Album "Finding Forever", deen zweeten Album vum Common, dee ganz vum Kanye West produzéiert gouf. De West probéiert hei den J Dilla op eng ganz komplex Aart an Weis ze emuléieren. Duerch seng Aart Samples ze schneiden, Perkussiounen ze spillen oder d'Stëmmen ze pitchen, geléngt him dat hei ganz gutt op de meeschten Tracks vum Album, obwuel dësen Album e bësse manner wichteg bleift, wéi säi Virgänger "Be".

De Common gouf selwer eng Kéier gesampelt op dësem ganz witzege Remix vum DJ Rashad an Chi Boogie "Love To Give". Et geet hei ëm early Juke Musek an e spéidere Grondsteen fir de Footwork Mouvement aus Chicago.

Dem George Duke säi "Someday" gouf net nëmmen dacks gesampelt, mee och gecovert. Ee Beispill wier hei dofir de Peter Herbolzheimer Rhythm Combination & Brass. Hien huet 1978 eng Reprise gemaach, ass selwer de Leader vu senger Kölner Bigband. Hien ass dacks mat sengem Orchester duerch Europa an Amerika getourt an huet en accessibele Programm fir populär Showe gespillt.

En anert Beispill vun engem Cover ass vum Al Jarreau zesumme mat der Dianne Reeves. Dat war um Album "My Old Friend: Celebrating Goerge Duke". Den Al Jarreau war jo quasi e Schüler vum George Duke, dofir ass et selbstverständlech, datt hien him hei e leschten Hommage mécht. Dësen Album koum 2014, ee Joer nom Doud vum George Duke, eraus.