Radioen

On air

Notturno  |  The Free Design - Bubbles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geeschter an Zombien an der Philharmonie?

Kanner-Emissioun Hé-Lé-La

Geeschter an Zombien an der Philharmonie?

Anscheinend soll sech d'Philharmonie den Dag vun Halloween an e Geeschterschlass mat Vampiren an Zombië verwandelen. Mir hunn ee vun eise Reporter dohi geschéckt, fir ze kucken op dës Gerüchter wouer sinn.

auto_stories

1 min

Zanter e puer Joer well, solle wärend Halloween Geeschter an der Philharmonie gesi gi sinn. Riets ass vun doudege Komponisten, engem Zombie-Bach, dem Däiwelsgeiist Paganini an enger Vampirin. Mir wollte wëssen, ob dës Gerüchter stëmmen an hunn dofir ee vun eise Reporter an d'Concertshaus geschéckt. Lauschtert selwer, wat hien do entdeckt huet.


Halloween an der Philharmonieplay_arrow


Dëse Bäitrag ass entstanen am Kader vum Halloween-Parcours 2020 an der Philharmonie. Den Organist Maurice Clement spillt den Zombie-Bach an d'Musekspädagogin Ana Maria Tzekov ass d'Frau Grusilia Draculia Luna Vampir.