Gespréich mat Slumbergaze Gedankegäng a Musek faassen

Gëschter Owend live an de Rotonden zu Bouneweg a live op eiser Antenn: "Slumbergaze" - also gläichzäiteg Schlummeren a Stierken - esou nennt de Bassist Eric Junker säi Solo-Projet a geet domat op elektronesch Aventuren. Den Numm ass Programm, well wat hei op den éischte Bléck wéi duuss evoluéierend, instrumental Musek dohierkënnt, verstoppt eng onerwaarten Intensitéit.

Marc Clement / cz

Slumbergaze

Lauschteren


"Ech spillen net ëmmer mat Batteur, mee haut schonn" esou den Eric Junker iwwer säi Projet, deen op maximal Flexibilitéit ausgeluecht ass. Als elektroneschen Ein-Mann-Orchester, ob mat Batteur oder ouni, muss ee sech gutt aussichen, wéi eng Elementer als Samples (an am Viraus opgeholl) an d'Musek eragestart ginn, a wéi eng selwer "vun Hand" bäifüügt ginn. Dat gëllt och fir den elektresche Bass, dem Slumbergaze säin Haaptinstrument, dee mol live, mol aus de Maschinnen töine kann.

"Haut den Owend spillen ech en net, ech géif mech gären op déi elektronesch Elementer konzentréieren."

Musek ass also Fräiheet, déi an dësem Fall de Maschinnen an hire strenge Reegelen ofgeronge gëtt. Beim Komponéieren ass et ganz änlech. Eng Hellewull Gedanken a Gefiller fonken dem Museker gläichzäiteg duerch de Kapp, Kadenzen, Texturen, déi am Endresultat erhale bleiwe sollen. "Wann ech komponéiere well ech genee dat komponéieren, wat ech denken. Ob dat an engem konventionelle Sënn bei enee passt, ass mir manner wichteg. Ech setze mir do keng Grenzen, ech wëll genee maachen, wat ech wëll, a loossen allem fräie Laf."

Lauschtert dem Slumbergaze seng Session live um 20 Auer op eiser Antenn (4.8.2020) an natierlech duerno an eiser Mediathéik.

Méi zum Thema

bobby bieles
Congés Annulés

Bei de Congés Annulés kann een d'Museksredaktioun vum radio 100,7 vu ganz no erliewen. Dëse Méindeg ass eisen Hip-Hop-Expert un de Plackentelleren. Hien huet den talentéierte Peanut Boy invitéiert.

Eddie Chacon
Eddie Chacon - Pleasure, Joy and Happiness

Den Eddie Chacon huet Mëtt den 90er dem Museksbusiness de Réck gedréit an huet eng Karriär als Moudefotograf ageschloen. Elo steet hien erëm am Tounstudio. R'n'B a Soul sinn erëm um Programm.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen