Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground - Stephanie Says

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ganz schéin zougänglech

Pink Floyd - Obscured By Clouds

Ganz schéin zougänglech

"Obscured by Clouds" vu Pink Floyd ass dës Woch eisen Deja Vu-Album gewiescht - e Wierk aus dem Summer 1972 dat an der Diskographie vun der Band heiansdo e bëssi vernoléissegt gëtt. Zu Onrecht, mengt de Fred Medernach, deen nach emol op dëse méi zougänglechen Album vun de Britten zeréckkuckt.

auto_stories

5 min

Et sollt am Fréijoer 1972 u sech eng Zort Nieweprojet ginn, ee Service, deen d'Band dem franséische Filmproduzent Barbet Schroeder offréiert: d'Filmmusek, fir deem säi Wierk "La Vallée". Ufanks war geplangt, datt déi gutt 40 Minutten, déi zesummekomm sinn, och ënner dem Filmtitel erauskomme géifen, also als "La Vallée", mam Ënnertitel "Original Soundtrack by Pink Floyd".

Mee d'Resultat huet déi véier brittesch Museker wuel esou iwwerzeegt, datt si - no vill Gedeessems ëm d'Rechter vun der Musek mat de Filmproduzenten - den Album als reguläre Band-Release publizéiert hunn. Et ass hire siwenten. Als neien Titel hu si den Numm vum éischten Album-Track geholl, "Obscured By Clouds".

Ongewinnt kuerz Kompositiounen

Mam Barbet Schroeder hat Pink Floyd schonn dräi Joer virdru geschafft, wéi si d'Musek fir deem säi Film "More" produzéiert haten. Musek, déi och als Band-Album erauskoum. Al Bekannter deemno - mam Ënnerscheed, datt esouwuel Musek, wéi och speziell de Film dës Kéier däitlech besser Kriticke kréien.

Wat bei op "Obscured By Clouds" direkt opfält ass d'Tatsaach, datt een ëmsoss no iwwerlaangen Titele sicht, wéi dat nach de Fall war op de Band-Produktioune virdrun. "Atom Heart Mother" oder "Echoes" vum "Meddle"-Release strecke sech iwwer 23 Minutten - hei sinn et zéng Stécker, wou just eent dezent un der sechs-Minutte-Grenz knabbert.

Kuerz ass och d'Studiozäit, déi d'Band fir den Album brauch - zweemol eng Woch am Strawberry Studio vum Château d'Hérouville am Val d'Oise bei Paräis sinn duergaange fir opzehuelen, den uschléissende Mix an engem Londoner Studio huet genee ganzer dräi Deeg an Usproch geholl.

Mol lëfteg, mol psycho

Ass "Obscured by Clouds" deemno wierklech eng "op déi séier"-Nummer fir de Kolleeg Barbet Schroeder zefriddenzestellen an him déi gefrote Musek fir säi Film ofzeginn - eventuell ze séier?

E puer Stécker vum Album sinn effektiv relativ einfach gehalen - besonnesch fir Pink Floyd-Verhältnisser -, bal folkméisseg, och mol mat akusteschen amplaz elektresche Gittaren. Mee si kommen awer gutt eriwwer, si lëfteg a liicht. En ongewinnte Sound vun enger Band, vun där et normalerweis méi sophistiquéierte Kascht geliwwert krut.

Eng etlech méi liicht Pink Floyd-Titelen, aner Kompositiounen erënnere kloer u vergaange psychedelic Band-Zäiten, et huet een och den Androck, datt een dat eent oder anert Element schonn emol héieren huet. D'Erklärung ass wuel déi typesch Sound-DNA, déi d'Band nu mol huet, awer och déi séier Produktiounszäit an den Zäitdrock, déi méi Spontaneitéit a manner Getüftelts mat sech bruecht huet.

De Mound léisst gréissen

"Obscured By Clouds" hëlt am Mäerz 1972, wéi d'Band ophëlt, net alleguer hir Opmierksamkeet an Usproch. De Quartett Waters/Gilmoure/Mason/Wright schafft zu där Zäit schonn akribesch a parallel un engem aneren Album. Et gëtt praktesch zweegleiseg geschafft, mat engem staarken Abezéien vum Barbet Schroeder, fir deem säi Soundtrack. Deen aneren Album, dat sollt eent vun hire Meeschterwierker ginn, et ass "The Dark Side Of The Moon".

D'Musek fir de Film an domadder och den Album "Obscured By Clouds" entsteet op Basis vum Skriptmaterial, dat de Regisseur de Museker zoukomme léisst, Biller hu si net gesinn, si improviséiere am Studio quasi op Zeenen, déi si am Schroeder senger Virlag fir sech erausliesen, an déi si dann akustesch ëmsetzen - no hirem Goût. Et huet ee Vertrauen anenaner!

Vill Airplay um Radio

Déi relativ kuerz Titelen, déi op der Filmmusek "Obscured By Clouds" ze fanne sinn, hu fir d'Band eng ganz agreabel Begleeterscheinung: et ass een net onbedéngt gewinnt hir Musek op de grousse sougenannten FM-Radioen ze héieren - wéinst de laangen, den iwwerlaange Stécker, op déi si hiert Talent dacks konzentréieren a wéinst der Tatsaach, datt Pink Floyd eng Album- a keng Singleband ass. Eng Tatsaach, déi sech awer elo ännert an hinnen besonnesch an den USA massiv Airplay abréngt.

Dat méi rockegt "The Gold Its In The?" a speziell "Free Four" sinn Hits an de States, ginn do op erop- an erofgespillt. Dobäi sinn et Lidder, déi net onbedéngt typesch fir de Sound vun der Band sinn: et mengt ee bal si wiere fir amerikanesch Radios-Ouere komponéiert ginn - dat héiert sech e gutt Stéck méi accessibel un, wéi de gewinnten opwännege Pink Floyd-Kascht. Opfalen deet den Asaz vum deemools ugesote VCS3-Synthesizer - monophon, analog an eréischt zanter 1969 um Maart. Eng Première fir d'Band.

Daum no uewen?

D'Charts-Placéierunge loosse sech gesinn: Plaz 6 op der Insel, 46 an den USA, 1 a Frankräich. De Fans schéngt d'Saach also schonn ze gefalen.

An de Medien ass d'Opfaassung ënnerschiddlech, nieft ville positive Bewäertungen héiert speziell den US-Magasinn Rolling Stone - op deem säin Urteel nawell Wäert geluecht gëtt - just "a dull film soundtrack" eraus. Mat zwee vu fënnef Stären zitt den Album ë. a. mat "Animals" gläich, nach manner (1/5) erwëschen allerdéngs "Atom Heart Mother" (1970), "Delicate Sound Of Thunder" (1988) "The Division Bell" (1994), "Pulse" (1995) an "The Wall - live" (2000).

"Obscured By Clouds" ass sécherlech méi en zougänglechen Album an der Pink-Floyd-Bandgeschicht - net ze vergläichen mat der Syd Barrett-Ära oder spéideren Highlights wéi "The Dark Side Of The Moon" a "Wish You Were Here". An dach ass et fir mech däitlech méi wéi just e Kolleegen-Déngscht fir de Regisseur Barbet Schroeder oder e Warm up fir déi däischter Säit vum Mound.