Radioen

On air

Notturno  |  John Holt - You'll Never Find Another Love Like Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gangster-Rapperin a Feuilleton-Darling: geet dat?

Album vun der Woch

Gangster-Rapperin a Feuilleton-Darling: geet dat?

Der Haiyti hire kommerzielle Flopp gëtt zanter Wochen am däitsche Feuilleton gefeiert. Op "Influencer", dem zweeten Album bannent sechs Méint, verstréckt sech d'Rapperin Haiyti genësserlech an all méiglech Widderspréch. Um Enn muss si feststellen, datt Fame an Usproch net esou liicht ze vereene sinn. "Influencer" vun der Haiyti ass eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

Déi gebierteg Hamburger Rapperin Ronja Zschoche alias Haiyti gëllt scho vill ze laang als Geheimtipp.

"Influencerin" ouni kommerziell Unerkennung

Trotz enger reegelrechter Verëffentlechungsmanie kritt si de kënschtlereschen Usproch u sech selwer net a kommerzielle Succès ëmgewandelt. Dräizéng EPs, Mixtapes an Albumen a manner wéi véier Joer si Preuven dofir, datt qualitativ héichwäerteg an eegewëlleg Musek trotzdeem um kommerzielle Niveau floppe kann. Dat ass just ee vun de Widderspréch, un deenen déi nei Plack "Influencer" inspiréiert ass.

Ganz ironesch geet d'Haiyti mat hirer Enttäuschung iwwer deen ëmmer nach ausbliwwene kommerzielle Succès ëm.

Milieue vereenen

Den Track "zu real" zitt ee séiere Fazit: héchstwarscheinlech steet paradoxerweis ausgerechent d'Realness, also d'Authentizitéit, hir am Wee. D'Haiyti ass als Immigrantekand mat senger Mamm an einfache Verhältnesser opgewuess. Scho fréi huet si hir kreativ Energie gespuert an no der Schoul ugefaange Konscht ze studéieren.

Wa si am Track "sweet" behaapt, si hätt méi "Drip" wéi den Jackson Pollock, da bestitt si zwee Milieuen, déi per Definitioun onvereenbar sinn: et geet ëm d'Ästheetik am Gangster-Rap an an der Bourgeoisie.

Wärend si sech selwer domat maximal trei ass, leit gläichzäiteg hir "street cred", hir Glafwierdegkeet am Hip-Hop. Dobäi gesäit si sech selwer als Influencerin a spiert, datt si an der Zeen lénks a riets kopéiert gëtt, ouni awer déi verdéngten Unerkennung ze kréien.

E Spill mat de Widderspréch

Genee wéi Markebewosstsinn ass och Drogekonsum ee wichtegen Topos an dësem Genre vu Musek a spillt och bei der Haiyti eng Roll. Wärend déi fir den Trap a Cloud Rap typesch Substanzen zwar a bal all Track genannt ginn, kann een net méi vu Verherrlechung schwätzen.

Villméi entsteet den Androck, datt d'Haiyti hir Widderspréchlechkeet an hiren explosiven Eklektizismus net anescht ze domestikéiere weess, wéi duerch Betäubung. Si ass depressiv, mee si geet feieren. Si rappt vun Designerkleeder, déi si sech net leeschte kann. Si disst aner Rapper a kämpft gläichzäiteg ëm Unerkennung an der Zeen. Si ass verléift, mee si mécht Schluss.

Musekszeen entlarvt

Den Haaptmerite vun der Haiyti ass nieft hirem Talent am Ëmgang mat der Sprooch an hire Klischeeën och de Fait, datt si déi komplett Musekszeen entlarvt, an domat och sech selwer. An engem Tweet vum 8. Dezember schreift si: "Trëppel no uewen a schläim no ënnen - esou gëss du zum Influencer".

Mee sech ubiederen oder schläimen, egal bei wiem, dat kënnt fir d'Haiyti net a Fro. Den Album "Influencer" ass eng batter a gläichzäiteg genial Ofrechnung mat enger Zeen, an där d'Pose méi wichteg ginn ass wéi d'Realness.