Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng perséinlech Rebellioun géint den Erfollgesdrock

Fontaines D.C. - A Hero's Death

Eng perséinlech Rebellioun géint den Erfollgesdrock

D'lescht Joer hu si de Rock-Album vum Joer geliwwert, elo presentéiert déi iresch Band Fontaines D.C. mat "A Hero's Death" schonn den Nofollger. Méi roueg an introvertéiert awer gewinnt brachial fält hire Post-Punk Entworf op dësem aus. De Max Tholl presentéiert den Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

Schonn e bësse skurril a beängschtegend fënnt de Grian Chatten den Erfolleg vu senger Band Fontaines D.C. Leschte Freideg stounge si am direkte Konkurrenzkampf mam Larger-than-life-Popstar Taylor Swift ëm d'Plaz 1 vun de britteschen Albumcharts. E Verglach tëschent David an Goliath, sot den Chatten, deen um Enn zu Gonschten vun der Popdiva ausgoung. Trotzdeem: den Underdog-Status sinn Fontaines D.C. endgülteg lass, wann se en dann iwwerhaapt jeemools haten. Eréischt e Joer ass et hier, datt sech d'iresch Band mat hirem Debutalbum "Dogrel" an d'Häerze vun sëllege Fans a Kritiker gespillt huet. Elo presentéiere si mat "A Hero's Death" schonn e würdegen Nofollger.

"A Hero's Death" ass on the road entstanen, an de wéinege rouege Momenter, déi d'Band op hirer extensiver Tour hat. De Frontman Grian Chatten seet, d'Schreiwe wier fir hien eng Aart Entspanungstechnik géint den Dauerstress gewiescht. Mat Momenter hätt dësen him a senge véier Bandmemberen esou zougesat, datt d'Grupp ëmmer méi an hir Eenzeldeeler zerfall wier an aus de Kolleegen nëmmen nach Matmuseker goufen. Och dowéinst wier den Album aus dem Wonsch eraus entstanen, sech engersäits esou séier wéi méiglech vum Succès ze léisen a sech och weider ze entwéckelen. Eng perséinlech Rebellioun géint den Erfollgesdrock souzesoen an de Wonsch no neie musikaleschen Horizonter. Genee dat ass Fontaines D.C. mat "A Hero's Death" och perfekt gelongen.

Schonn am Opener mat sengem Refrain, an deem den Chatten ëmmer nees d'Zeilen "I don't belong to anyone. I don't wanna belong to anyone" widderhëlt, stinn d'Autonomie an d'Ofgrenzung am Virdergrond. Hei wëllt eng Band sech net dem eegenen Hype erginn, mee couragéiert aner Weeër goen. Däitlech méi roueg an a sech gekéiert klengen Fontaines D.C. um neien Album. Et wëllt ee bal behaapten, d'Jonge wieren erwuessen ginn, wat natierlech Blödsinn ass, well si et schonn um leschten Disk waren a gläichzäiteg och den neien Album nëmmen esou vu jugendlecher Nonchalance strotzt. Den typesche Fontaines Post-Punk mat senge kantegen Gittareriffs huet näischt u Schäerft verluer, mee op Stécker wéi der Beach Boys Hommage "Sunny", dem Closer "No" oder "Oh Such a Spring" ginn Fontaines D.C. och hirer roueger Säit, déi um leschten Album scho kuerz ugeteasert gouf, méi Fräiraum.

Och "A Hero's Death" ass nees vun der Alldagspoesie vum Sänger Grian Chatten duerchzunn, woubäi et textlech méi perséinlech a reflektéiert wéi nach um Virgänger zougeet. Gedroe gi d'Lyrics vum Chatten sengem staarken Dubliner-Accent, dee wéi schonn de Bandnumm - D.C. steet fir Dublin City - e gewësse Lokalpatriotismus zelebréiert. Hir Heemechtsstad wier de sechsten Bandmember, behaapte Fontaines D.C. och gäre mol. Zesumme mat aneren iresche Bands wéi The Murder Capital oder Girl Band hu si Dublin fest als Post-Punk-Héichbuerg vum Moment etabléiert. Trotzdeem: "Don't believe your own hype" ass dem Chatten säi Motto fir um Buedem ze bleiwen. Mat "A Hero's Death" wäert dat fir Fontaines D.C. awer nach e gudde Krack méi schwéier ginn.