Radioen

On air

Notturno  |  José González - Crosses

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchteg Brouillone mat mikroskopescher Déift

Jan Jelinek

Flüchteg Brouillone mat mikroskopescher Déift

De Jan Jelinek gehéiert zu de wichtegsten däitsche Produzente vun elektronescher Musek. Hie gouf ufanks den 2000er Joren duerch seng Collagen-Technik bekannt. Dësen Donneschdeg kann een de Klangkënschtler am intime Kader vum Kino vun der Kulturfabrik erliewen.

auto_stories

3 min

De Sampling ass virun allem am Beräich vum Hip Hop eng beléiften Technik. Dat, wat de Jan Jelinek 2001 op sengem Album "Loop Finding Jazz Records" proposéiert huet, gouf vun der Musekspress als "Microhouse" bezeechent.

De Kënschtler interesséiert sech fir Niewegeräischer, fir de Bord vun der Musek. Aus deem Material léisst hie Kompositiounen entstoen.

Seng Produktiounstechniken hu sech allerdéngs a senger 30-järeger Karriär verännert. Am Joer 2000 ass e groussen Deel vun der Aarbecht um Computer geschitt.

"D'Aarbecht war fir mech vergläichbar mat der Aarbecht vun engem Grafikdesigner. Dat heescht, ech hunn net an Echtzäit iergendeppes agespillt, mee méi oder manner nom 'Metermooss' Millimeter fir Millimeter versat kleng musikalesch Evenementer placéiert, an dat dann ëmmer nees ofgespillt an iwwerpréift, ob mir dat esou gefält oder net."

Zanter 15 Joer géif hie quasi net méi um Computer schaffen, seet de Jan Jelinek. D'Improvisatioun huet de Wee a seng Musek fonnt, seng Kompositioune si méi fräi, manner mikroskopesch an nach manner previsibel.

Ernst Jandl, what are your plans for language: revolution, reform, revolt?

2018 hat de Jan Jelinek e Radiostéck fir den SWR2 produzéiert, an et an enger kuerzer Form als LP "Zwischen" erausbruecht. D'Material aus deem Stëmm-lastege Wierk géif hien a leschter Zäit dacks benotze fir live ze improviésieren. Dat wäert hien och bei sengem Set zu Esch proposéieren, awer net nëmmen.

"Et ass ëmmer schwéier, well ech ganz ënnerschiddlech Saache gemaach hunn. An d'Leit hu meeschtens och ganz ënnerschiddlech Erwaardungen u mech. An dat probéieren ech och ëmmer an engem Liveset ënnerzebréngen."

Niewent dem Sampler gesäit ee beim Jan Jelinek och en impressionante Modularsynthesizer op der Bün. Dee géif awer ëmmer vun der Audioquell, also de jeeweilege Samples gesteiert ginn, an net vun him selwer, seet de Jan Jelinek.

"E flüchtege Brouillon"

De Museker bedreift de Label Faitiche. Niewent senger eegener Musek a senge sëllege Kollaboratioune mat anere Klangkënschtler released hien och zum Beispill fréi Synthesizer-Experimenter aus de 70er an 80er Jore vun der onbekannter däitscher Hobby-Musekerin Ursula Bogner.

"Ech hu gär Musek, déi skizzenhaft ass, vläicht nach net fäerdeg produzéiert ass", mee éischter flüchteg, seet hien.

Dësen Donneschdeg kann een de Jan Jelinek am Kader vun de Kinosch Listening Sessions an der Kulturfabrik erliewen. De Concert ass eng Kollaboratioun mat Vinyl Harvest, déi dono ënner anerem mat engem Dj Set vum Workshop Labelchef Even Tuell hiren zweeten Anniversaire an der Kulturfabrik feieren.


Dat ganzt Gespréich mam Jan Jelinek:

Lauschterenplay_arrow