Musek zu Lëtzebuerg Flash vu Monophona
Bei Monophona war et roueg ginn no de Concerten zu hirer leschter Plack "Girls on "Bikes Boys Who Sing" viru gutt zwee Joer. An och wann eng nei Plack nach net an Aussiicht ass, sinn och d'Interludë vun dëser Band ëmmer ganz perséinlech a schéin erausgesicht, et erënnert ee sech un e puer Cover-Versiounen.

"Mir hunn alleguer familiär Obligatiounen am Moment. "Elastic (I Do)" hate mir ronderëm leien. Mir haten et am Januar 2019 schonn opgeholl, mee ni eng Geleeënheet fonnt, et erauszebréngen."
Dat huet sech geännert, wéi d'Dänzerin Nathalie Moyen e Video fir de Song proposéiert huet, deen de Protestsong nei belieft an de 26. Juni zesumme mam Video um däitsche Label Kapitän Platte erauskënnt.