Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu genuch Leit hei, déi dat wierklech kéinten"

Expo 2020 Dubai

"Mir hu genuch Leit hei, déi dat wierklech kéinten"

D'Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs ass net domat averstanen, datt de Kompositiounsoptrag fir d'Musek, déi bei der Weltausstellung am Lëtzebuerger Pavillon ze héiere wäert sinn, net aus Lëtzebuerg kënnt. Obwuel der FLAC eng Ausschreiwung am Kader vum Lëtzebuerger Pavillon ugekënnegt gouf, wier et net dozou komm, seet de President Roby Steinmetzer.

auto_stories

2 min

D'FLAC hätt eng Rei Memberen, déi duerchaus kapabel wiere fir Sinfonieorchester ze schreiwen, seet de Roby Steinmetzer. Allerdéngs wier et fir déi immens komplizéiert fir iwwerhaapt d'Chance op esou en Optrag ze kréien. Datt d'Commande fir d'Musek fir de Lëtzebuerger Pavillon un den däitsche Kollektiv Kling Klang Klong gaangen ass, suergt bei der FLAC fir Erstaunen.

"Mir hu genuch Leit hei, déi dat wierklech kéinten a mir fannen, datt dat esou net geet."

Ontransparent

D'FLAC beschreift d'Situatioun ronderëm d'Commande als ontransparent. Well si net genee géif wëssen, wien d'Decisioun fir d'Commande geholl hätt, hätt ee bei der Kulturministerin Sam Tanson nogefrot.

"Mir kréie gesot, dat wier déi däitsch Firma, déi zoustänneg ass fir d'Szenografie. Déi hätt déi Decisioun geholl. Dat kann natierlech duerchaus sinn, mä wisou ass net an de Cahier des charges geschriwwe ginn, datt Artisten aus Lëtzebuerg sollten engagéiert ginn, fir déi Saachen ze maachen?"

D'Responsabilitéit gesäit d'FLAC awer net am Kulturministère.

"Et ass jo net de Kulturministère, deen elo am Endeffekt déi Decisioun geholl huet. Jiddwerfalls dat ass mol [dat], wat an der Äntwert vun der Madame Tanson steet."

2018: Éischt Reunioun

D'Commissaire générale Maggy Nagel ass d'Presidentin vum Conséil de gérance vum Projet ronderëm de Lëtzebuerger Pavillon. Ufank Mäerz 2018 hätt d'FLAC well eng Reunioun mat hir gehat, bei där d'Federatioun hire Wonsch zum Ausdrock bruescht hätt, an de "Kulturprojet Dubai" mat agebonnen ze ginn, seet de Roby Steinmetzer.

"Mir sinn ëmmer vertréischt ginn. Mir kruten ëmmer gesot, dat wier nach net esou wäit, an iergendwann eng Kéier géif eng Ausschreiwung kommen. Bis haut ass keng Ausschreiwung do. An da si mir natierlech erstaunt, wann op eemol Leit aus dem Ausland déi Opträg kréien."

D'Musek vum Berliner Kollektiv gouf e Méindeg de 7. Dezember 2020 mam OPL ënner der Direktioun vum Gast Waltzing an der Philharmonie opgeholl. Réischt duerch dës Opnam wier d'FLAC op dëse Projet opmierksam ginn.