Fir hir éischt Plack hunn déi zwee de Spiiss ëmgedréint an hir eege Lidder geschriwwen, dës Kéier mam Mann an der Roll vum sexualiséierten Objet.
"Et ass eis wichteg, ganz reell sozial Problemer vun eiser Zäit an eis Musek eranzebréngen. Musikalesch wëlle mir Jazz, Klassik an Hip-Hop verbannen, dofir triede mir och reegelméisseg mat engem Orchester op."
Et ginn zwou Manéieren, wéi een Juicy hir Musek live genéisse kann: mat integralem Orchester oder an engem elektronesche Set, deen déi zwou Sängerinnen extra fir méi kleng Optrëtter zesummegestallt hunn.
Genne dëse Set kënnt dir haut den Owend ëm 19h30 an der Kulturfabrik erliewen. Informéiert Iech op www.kulturfabrik.lu a lauschtert de ganzen Interview hei: