Pop Faber: Schunkele mat subtiller Kritik

De Faber ass ee vun den erfollegräichsten däitschsproochege Sänger vum Moment. Hie séngt iwwer Brëscht, Flüchtlingen an Identitéit. Viru sengem ausverkaafte Concert an de Rotonden hu mir de schwäizer Museker getraff.

Yves Stephany

Faber
Faber an de Rotonden, den 23. Februar 2018 (Foto: Carl Neyroud / Den Atelier)

"Natierlech hunn ech dat schonn dacks héieren", seet de Faber op d'Fro, firwat hie kléngt wéi e Mann, dee wesentlech méi al ass. "Awer eigentlech fillen ech mech éischter wéi e Kand." Wahrscheinlech géif et duerch seng déif Stëmm kommen. A well d'Musek gréisstendeels akustesch wier, géifen och Leit seng Musek lauschteren, déi net méi ganz jonk sinn.

Chanson hätt hien als Kand vill gelauschtert. Just eben italienesch Artisten. De schwäizer Sänger heescht am Fong Julian Pollina an huet italienesch Racinnen. Dat mam Balkan-Sound hätt hien ebe sou matkritt. "Et ass am Fong jo och guer net forcement Balkan. Et ass einfach déi Posaun, a well et sou ballert."

Heiansdo kritiséiert de Faber a prangert un. Am däitlechsten am Song "Wer nicht schwimmen kann, der taucht." Mä wéi vill Selbstkritik stécht a senge Lidder? De Protagonist wier net ëmmer hie selwer, awer heiansdo wier et en Deel vun him. "Et gi Songs wou ech Säite vu mir beschreiwen, déi ech net onbedéngt gutt fannen, awer déi dach vill Leit a sech hunn."


Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Sänger:

Faber

Méi zum Thema

Peter Broderick
Multi-Instrumentalist

Den amerikanesche Museker a Komponist iwwerrascht duerch seng Villsäitegkeet. Als Solo-Kënschtler oder als Deel vu Kollektive mécht de Peter Broderick Musek, déi accessibel, awer ni langweileg ass.

Jesca Hoop
Folk ouni Schoul

Si ass eng Musekerin, déi kee kal léist. D'Jesca Hoop erzielt fantastesch Geschichten iwwer déi traureg Welt, an där mir liewen. Hir Musek ass Folk, obwuel si guer net weess, wéi dat geet.

Future Islands
Synth Pop

Dem Sam Herring seng Danz-Verrenkungen an der Show vum David Letterman si legendär. Awer Future Islands hu vill méi ze bidden. E Gespréich iwwer d'Rezept vun där eenzegaarteger Synth Pop Formatioun.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen