Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etabléiert Kënschtler an Decouverten um Gaume Jazz

Jazz-Festival

Etabléiert Kënschtler an Decouverten um Gaume Jazz

De Gaume Jazz ass ee wichtege Rendezvous fir d'Frënn vun improviséierter Musek an der Groussregioun. Op der Affiche sinn och ëmmer Kënschtler vu Lëtzebuerg. Dat ass fir d'Organisateure selbstverständlech.

auto_stories

4 min

Den 12., 13. a 14. August geet de Festival zu Rossignol-Titigny iwwer d'Bühn. Foto: M. Piron

Manner wéi 50 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, tëschent Arel a Florenville, gëtt traditionell am August de Gaume Jazz Festival ofgehalen. De Festival feiert dëst Joer seng 32. Editioun. 1985 ass e vun de Jeunesses Musicales du Luxembourg Belge an d’Liewe geruff ginn. Zu enger Zäit déi fir Jazzerten eng regelrecht Duuschtstreck war.

Deemools gouf et an der ganzer franséischsproocheger Belsch keen Jazz Festival, erkläert den Organisateur Jean-Pierre Bissot. Och zu Gouvy wier deen Ament fir e puer Joer Paus gewiescht. 1985 war d’Année européenne de la musique, an och dat internationaalt Joer vun der Jugend. Dat war e gudden Ophänkert fir de Gaume Jazz Festival ze starten, erënnert sech de Jean-Pierre Bissot.

Talenter entdecken

De Festival ass zu enger Zäit entstanen, zu där Jazz fir vill Leit nach e Synonym fir "amerikanesch" war. D'Ziler vum Festival si bis haut: jonk MusekerInnen aus der Belsch an aus Europa ënnerstëtzen a spillen doen.

Ënner anerem wéinst de Bühnen zu Rossignol-Tintigny gouf d’Belsch zu engem Sprangbriet fir Talenter. Zum Beispill huet de schwedesche Museker Esbjörn Svensson säin éischte Concert baussent Schweden um Gaume Jazz Festival gespillt. Och di albanesch Kënschtlerin Elina Duni wier viru sechs Joer déi éischte Kéier op de Festival komm an hätt hir Jazz-Carrière do gestart, erënnert sech de Jean-Pierre Bissot. "Vill Museker wëssen datt mir Kënschtler um Festival spille loossen, déi duerno international Carrière maachen."

De Jean-Pierre Bissot léisst awer net nëmme jonk oder nach onbekannt Leit optrieden. Och Stare ginn all Joer invitéiert.

En interessante Line-up

Den éischten Owend spillt den Duo Jacky Terrasson a Stéphane Belmondo zesumme mam Majid Bekkas. "Zesumme maachen si eppes Neies an dat wäert sech un der Chanson française inspiréieren", esou de Jean-Pierre Bissot.

Ganz renomméiert Museker kann een och Samschdes a Sonndes erliewen. De Saxophonist Nicolas Kummert spillt zesumme mam Gittarist vum Herbie Hancock, dem Lionel Loueke.

De Gaume Jazz Festival zitt e substantielle Public aus der ganzer Groussregioun un. Et ass fir d’Organisateure selbstverständlech, datt si och Leit aus der Lëtzebuerger Jazz-Zeen invitéieren. Dëst Joer spillt zum Beispill um éischten Owend de Batteur Jérôme Klein mat der franséischer Formatioun Cadillac Palace. Samschdes ass et um Pascal Schumacher mat sengem Quartett plus Invitéen.

E Samschdeg géing e ganz femininen Dag ginn, sou den Organisateur Jean-Pierre Bissot. Zum Beispill mat där däitscher Saxophonistin Nicole Johänntgen, der ungarescher Sängerin Veronika Harsca, der Violonistin Lucas Kézdi oder der Elina Duni.

E Sonndeg steet vill belschen Jazz um Programm. An déi dräi Deeg iwwer ëmmer erëm vill Premièren.

Reng zueleméisseg resüméiert sech de Gaume Jazz 2016 op: 25 Formatiounen, méi wéi 120 professionell- an och nach emol méi wéi 120 Amateur-MusekerInnen aus eelef verschiddene Länner. De Gaume Jazz Festival huet 5 Bühnen, déi ganz ënnerschiddlech Ambiancë bidden. Ee grousst Zelt, zwou baussescht Bühnen, ee Sall an eng Kierch.

De Gaume Jazz Festival deet den 12.,13. a 14. August zu Rossignol-Tintigny iwwer d'Bühn.


Am Kader vun der Emissioun Blue Note huet de Manuel Ribeiro mam Jean-Pierre Bissot geschwat:

Blue Note: Gaume Jazz Festival